Tëscht Jonglënster a GrolënsterOp der N11 huet sech en Dënschdeg am Nomëtteg en Auto iwwerschloen

RTL Lëtzebuerg
Géint 13.10 Auer en Dënschdeg de Mëtteg huet sech op der N11 tëscht Jonglënster a Grolënster een Auto iwwerschloen.
Eng Foto vun der Plaz vum Accident.
© Domingos Oliveira

D’Police huet géint 13.20 Auer gemellt, datt d’Strooss gréisstendeels blockéiert wier. RTL-Informatiounen no soll de Chauffer vum Won trotz dem spektakulären Accident net blesséiert gi sinn. Och den CGDIS huet méi spéit a sengem Bulletin matgedeelt, et hätt keng Blesséierter ginn. Op der Plaz waren trotzdeem eng Ambulanz vu Jonglënster an d’Air Rescue.

Zwee Blesséierter gouf et allerdéngs en Dënschdeg de Mëtteg géint 15.45 Auer op der Route de Luxembourg zu Boufer, wou zwee Autoen net laanschtenee koumen. D’Ambulanz vu Miersch war op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO