Päischtkiermes zu EschOp 4 verschiddene Plaze si Buden a Spiller opgeriicht ginn

Christophe Hochard
Et richt no gebrannte Nëss, de Geroch vu Fritten hänkt an der Luucht a vu wäitem héiert een déi Jonk scho jäizen, déi op de Knuppautoen sëtzen.
Päischtkiermes zu Esch
Op 4 verschiddene Plaze si Buden a Spiller opgeriicht ginn

Déi Éischten zanter laangem nees. Duerch déi sanitär Kris konnt d'lescht Joer keng organiséiert ginn. Nodeems d'Ouschterkiermes dëst Joer och wéinst ze héije Covidzuelen an d'Waasser gefall ass, kënne Jonk a manner Jonk sech déi nächst 2 Wochen ameséieren.

Net nëmmen op zwou, mä op 4 verschiddene Plazen hunn d'Forainen hir Geschäfter opgeriicht. Sou ënnert anerem virun der Gemeng an op der Brillplaz. Maximal 5 Stänn sinn op enger Plaz. An, Corona oblige, op Distanz een zu deem aneren.

Wärend den Nowuess fëscht, kafen déi Erwuesse sech eppes fir ze Schneeken oder gënne sech e Patt. Fir vill Forainen ass et no annerhallwem Joer nees déi éischte Kéier, wou si mat hirem Geschäft ënnert d'Leit ginn. D'Erliichterung ass grouss.

Déi Escher Responsabel verzichten dëst Joer och op de Loyer fir d'Plaz, déi d'Foraine bezuele missten, fir hir Geschäfter opzeriichten. Dat si jee no Stand tëscht 3 a 600 Euro pro Woch. D'Kiermes zu Esch z'organiséieren soll als Test gëllen, fir weider Evenementer, déi kéinten organiséiert ginn....virun allem de Chrëschtmaart.

Nach bis de 6.Juni dréien d'Karusseller op der Escher Päischtkiermes.

Back to Top
CIM LOGO