Gemeinsame Bréif un de StaatsrotOnofhängegkeet vu Parquet an neier Verfassung, mä keng komplett

Pierre Jans
Et gouf e Kompromëss fonnt. D'Independance fonctionelle vum Parquet gëtt am neien Text präziséiert...
© RTL Archiv

De Parquet an der neier Verfassung - Rep. Pierre Jans

D'Onofhängegkeet vum Parquet gëtt an d'Verfassung geschriwwen, allerdéngs net komplett. An der Institutiounekommissioun, wou den Ament jo un der Verform vun der Constitutioun geschafft gëtt, hunn déi 3 Majoritéitsparteien an d'CSV decidéiert, e gemeinsame Bréif un de Staatsrot ze schreiwen. Dora steet, a wéi enger Form d'Independance vum Parquet an der reforméierter Verfassung soll festgehale ginn.

D'Onofhängegkeet vun der Justiz ass och an der aktueller Verfassung e wichtege Prinzip. An den éischten Entwërf vum Justiz-Kapitel vun der reforméierter Constitutioun sollt och präziséiert ginn, dass de Parquet onofhängeg schafft. D'CSV war uganks domat net ganz averstanen. Ëmmerhin hätt de Justizminister déi politesch Responsabilitéit an dierft déi net verléieren.

Et gouf e Kompromëss fonnt. D'Independance fonctionelle vum Parquet gëtt am neien Text präziséiert. De Rapporter vum Kapitel iwwer d'Justiz an CSV-Depuéierten Leon Gloden.

"Et ass ni drëm gaangen dem Parquet d'Opportunité de poursuite individuelle ewechzehuelen, mä et ass ganz kloer, dass de Parquet eng Missioun ze erfëllen huet. An déi ass, dass en d'action public exerzéiert a kuckt, dass d'Gesetz applizéiert gëtt. An deem Kader huet en eng Independance fonctionnelle. Dat ass den Accord, dee mir fonnt hunn."

Dës Léisung baséiert op der Propos vum CSV-Politiker Paul-Henri Meyers scho fir déi éischt Fassung vun der Reform.

D'Diskussioun iwwer d'Relatioun tëscht Parquet a Politik wär nees lassgetrëppelt ginn duerch e klenge Sträit tëscht zwee CSV-Deputéierte mat wichtege Personnagen aus der Justiz am Oktober 2019, erënnert den LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo. Dofir wär et gutt, dass ee sech elo eens wär, wéi d'Verhältnis tëscht Parquet a Regierung elo an der Verfassung soll beschriwwe sinn.

"Weder gëschter, nach haut, nach muer wäert een d'Independance vum Parquet an hirer normaler Aarbecht a Fro stellen. Wann ee seet, dass et keng Relatiounen, keng Brécken tëscht Parquet a Regierung och elo scho gëtt, ech mengen dee verkennt d'Realitéit."

Doru wären awer nach aner néideg Changementer gekoppelt, seet den CSV-Deputéierte Léon Gloden.

"Zum Beispill kann et net sinn, dass zum Beispill dann nach e Member vum Parquet an engem Staatsrot sëtzt."

Dat wär eng Diskussioun, gëtt de Mars Di Bartolomeo zou.

Wat d'Verfassungsreform ugeet, kéim ee gutt weider, esou de President vun der zoustänneger Kommissioun. Dat véiert vu véier Kapitele géif elo an Ugrëff geholl ginn. Wéini sinn d'Texter fir d'Reform vun der Verfassung all fäerdeg? D'Äntwert vun engem erfuerene Politiker: "Mir maachen esou séier wéi mir kënnen".

Back to Top
CIM LOGO