E-CommerceOnline-Shopping boomt an der Kris

Fanny Kinsch
D'Post huet 2020 ronn 2 Millioune Päck méi verschéckt wéi d'Joer virdrun, e Wuesstem vu knapp 50 Prozent.
Online-Shopping
D'Post huet 2020 ronn 2 Millioune Päck méi verschéckt wéi d'Joer virdrun, e Wuesstem vu knapp 50 Prozent.

Am Mount Dezember geet d'Zuel vu Päck all Joer an d'Luucht - e Phenomen, dat dëst Joer allerdéngs nach méi staark ausgefall ass. A wéinst dem neie Lockdown gëtt och no Chrëschtdag nach ëmmer vill bestallt, wéi een och bei der Plattform Letzshop feststellt.

An der Reegel ginn zu Beetebuerg am Centre de Tri vun der Post virun de Chrëschtdeeg 15 bis 20 Prozent méi Päck gesënnert a verschéckt, wéi de Recht vum Joer. Dëst Joer sinn et 40 bis 50 Prozent méi – an et ass d’lescht Woch och net erofgaangen.

De Michael Billert, Chef vum Departement “Opérations, Distribution & Tri Colis” bei der Post:

„In aller Regel ist es so, dass im Januar, die ersten Januar-Wochen die Volumen etwas zurückgehen. Aber immer noch getrieben werden von Retoursen von den Christtagen. Was wir aber jetzt sehen, ist einfach wirklich, dass die Volumen stabil hoch bleiben und dass die Anfragen von unseren Partnern auch weiterhin hoch sind, die wollen Volumen nach Luxemburg schicken, weil einfach der Bedarf da ist.“

Sou dass een dovun ausgeet, datt am Januar a Februar dëst Joer och 30 bis 40 % méi Päck traitéiert ginn. Dofir goufen elo déi néideg Ressource mobiliséiert.

„Wir haben auf verschiedenen Ebenen Ressourcen generiert, das heißt einmal in der Zustellkapazität, das heißt in Fahrzeuge, in Scanner investiert, aber auch in Personal, teilweise festes Personal, aber auch teilweise Zeitarbeiter, und das haben wir im Prinzip auf allen Ebenen, das heißt in der Sortierung, in der Zustellung, aber auch in den Reseau de Vente, aber auch bei unsern Partnerunternehmen, Michel Greco SA“

Och d’Plattform Letzshop dréit zu deem Phenomen bei – virun de Feierdeeg huet d’Zuel vu Bestellunge sech verduebelt, d’lescht Woch huet een nach kee Réckgang festgestallt. Anescht wéi beim leschte Confinement am Fréijoer dierfen zanter dem 26. Dezember och an de Supermarchéeë sougenannten net-essentiel Produiten net verkaf ginn – zum Beispill Druckerpatrounen, Spillsaachen, Spiller. Ob dat en Afloss op d’Online-Kafverhalen huet, kéint een allerdéngs nach net soen.

De Jerry Klein, Direkter vu Letzshop:

„Déi Analyse kënne mir am Moment net maachen. Et ass effektiv esou, dass queesch duerch d'Kategorien, déi op Letzshop drop sinn, am Moment kaf gëtt. Et gëtt och keng Kategorie, déi speziell erausstécht. Et gëtt allerdéngs och keng Kategorie, déi manner kaf gëtt, wéi virdrun, sou dass mer dovunner ausginn, dass mer elo an de Käpp vun de Clienten ukomm sinn, fir eben dat ganzt Sortiment kënnen online ze bestellen zu Lëtzebuerg.“

Letzshop krut 2020 gutt 200 nei Commerce bei op elo ronn 500 am Ganzen. Wéi vill dovunner sech wéinst der Kris ugemellt hunn a wéi vill scho virdrun interesséiert waren, wéisst een allerdéngs net.

Back to Top
CIM LOGO