
Dëst ass een Deel vun der Strategie, fir géint den Doktermangel am Land virzegoen. An deem Sënn ass et jo och vun der Rentrée u méiglech, e Bachelor an der Medezin ze maachen.
125 Studente ginn dësen Hierscht am éischte Joer vum Bachelor an der Medezin ugeholl. 25 vun hinne kënnen duerno och dat zweet an dat drëtt Joer hei um Belval maachen. Déi aner ginn op d’Partner-Unien an d’Ausland verdeelt. Déi enk Betreiung vun den dach wéinege Medezin-Studenten ass an den Ae vum zoustännege Professer just ee vun den Atoute vun der Uni.lu.
Ma et gëtt awer och méi wäit gekuckt, dräi verschidde Spezialisatioune sollen och ugebuede ginn. An enger zoustänneger Chamberkommissioun war en Dënschdeg iwwert dëse Projet geschwat ginn.
Uviséiert gi Spezialisatiounen an der Médecine générale, an der Onkologie an an der Neurologie. Fir dës Studien opzehuelen, muss een awer schonn ee Bachelor an ee passende Master an der Täsch hunn. An der Médecine générale gëtt et schonn zanter 10 Joer op der Uni Lëtzebuerg eng Formatioun, fir sech ze spezialiséieren. Ma dëse Studium soll elo vun engem Règlement grand-ducal an e Gesetz verwandelt ginn, erkläert de Professer Gilbert Massard, Direkter vun de medezinesche Studien op der Uni Lëtzebuerg.
"Et ass absolut keng Fro vun deem, wat geleescht oder gemaach ginn ass bis elo. Et ass méi eng Formalitéit, fir dass och keng Kontestatiounen op europäescher Säit kënne kommen, wann eng Persoun eng Homologatioun wëll ufroen, also eng Reconnaissance, fir an en anert Land schaffen ze goen."
Fir dass d'Spezialisatioun an der Onkologie an an der Neurologie kënne bäikommen, muss dat entspriechend Gesetz awer nach gestëmmt ginn. Wat d'Terminologie ugeet, missten nach Upassunge gemaach ginn, fënnt de Professer Gilbert Massard. Vun engem "Master" kéint nämlech hei net Rieds sinn.
"Well d'Leit fänke jo mat engem Bachelor un a maachen dann e Master, dat si jo da scho 6 Joer Studien. Dat ass a mengem Sënn en troisième Cycle. An ech hoffen, dass dat och iergendwann eng Kéier, an dat brauch dann nach e Gesetz, zu enger Dokteraarbecht an der Medezin féiert. Dass d'Leit dann net an engem Master, mä an engem Dokter-Zyklus sinn."
An der Chamberkommissioun wier ee gewëllt, dëse Punkt ze beschwätzen a wann néideg ze adaptéieren, verséchert de Gilles Baum, President vun der Educatiounskommissioun.
"Mir mussen eis an der Chamberkommissioun mat den Experten zesummesetzen, fir ze kucken a wéi eng Richtung, dass mir den Titel vun deem Master dréinen. Wëssend, dass déi Leit, déi kommen, fir hire Generalist fäerdegzemaachen, respektiv fir an der Onkologie, respektiv an der Neurologie ze schaffen, schonn e Master hunn."
Wann d'Gesetz nach an dësem akademesche Joer gestëmmt gëtt, kéint et am September 2021 mat den neie Spezialisatiounen lassgoen.
