StatecOngläichheeten huelen zu Lëtzebuerg zou, den Aarmutsrisiko bleift stabel

Carine Lemmer
Den Taux de pauvreté läit hei am Land aktuell bei 18,3%. Ouni déi sozial Transferte vum Staat wär en däitlech méi héich, an Zuele wären dat 27,5%.
© Didier Weber / RTL

Statec / Rep. Carine Lemmer (15.10.19)

Dat geet aus dem neiste Rapport iwwert d'Aarbecht an déi sozial Kohäsioun vu Statec ervir. Den Aarmutsrisiko huet am Verglach mam Joer 2017 kaum geännert, mä d'Inegalitéite wuessen. D'Akommes vun den 10% Räichsten ass 10 Mol méi héich wéi d'Akommes vun den 10%, déi am mannste Suen zur Verfügung hunn. Déi fix Käschten, also dat, wat ee muss ausginn an net spuere kann, maachen an der Moyenne 36% vun engem sengem Budget aus. Eng Famill mat zwee Kanner brauch 4.213€, fir acceptabel liewen ze kënnen, huet de Statec ausgerechent. 63% vum Budget bei sou enger Famill gi fir de Logement, Iessen a Gedrénks gebraucht.

Serge Allegrezza Statec

An der Moyenne huet en Erwuessenen am Grand-Duché 3.990€ zur Verfügung, dat variéiert tëscht 9.882€ de Mount fir déi Privilegéiert bis 979€ fir déi manner aiséiert Leit.

Wat d'Aarbecht ugeet, hält de Statec fest, datt tëscht 2003 an 2017 den Emploi ëm 48% zougeholl huet. Lëtzebuerg huet en dynameschen an attraktiven Aarbechtsmarché. Zejoert sinn 197.000 Frontalieren an d'Land schaffe komm, d'Hallschecht dovunner ware Fransousen, d'Belsch an déi Däitsch maachen all Kéiers ronn 25% aus.

Statec/Reportage Carine Lemmer

4 vu 5 Salariéë sinn zefridde mat hirer Aarbecht, bei de Staatsbeamten an den Independanten ass den Taux méi héich wéi bei den aneren.

Statec / Rep. Carine Lemmer (15.10.19)

An de leschten 10 Joer huet sech den Télétravail, also vun doheem aus schaffen, verdräifacht a läit bei 20%. Mä an 2/3 vun de Fäll gëtt manner wéi 8 Stonnen d'Woch vun doheem aus geschafft.

Serge Allegrezza 2

PDF: Rapport travail et cohésion sociale 2019

Back to Top
CIM LOGO