Fir d’Leit aus dem Secteur ass déi aktuell Situatioun dann och schwéier, well se eben nach keen Datum virgeschloen kruten, wéini se nees kënnen opmaachen. Wéinst den aktuellen Entwécklungen vum Coronavirus spieren den Ament vill Leit am Secteur eng Onsécherheet a maache sech Suergen ëm hir Zukunft. Mir hu mat Restaurateuren a Cafetiere geschwat.
Am Secteur mécht d’Onsécherheet ze schafen, wéi et an Zukunft weidergeet. Bis ewell huet d'Regierung nach keen Datum annoncéiert, wéini Restauranten a Caféen nees kënnen opmaachen. E Gerant wier awer frou, wann een Deel vun de Restauranten deemnächst nees kéint opmaachen.
Als Iwwergangsléisung bitt de Restaurant Take-away un. Vill Reservatioune goufen annuléiert. Een Deel vun de Mataarbechter ass am Chômage partiel. Et konstatéiert een e groussen Abroch vun de Recetten.
D’Restaurateure stelle sech an Zukunft op Restriktiounen an. Dowéinst bereet ee sech schonns dorobber vir.
An engem aner Café ass de Chiffre d’affaire kuerz virum Lockdown massiv erofgaangen. De Café kämpft ëm d’Iwwerliewen. Als finanziell Ënnerstëtzung géifen awer déi staatlech Bäihëllefen net duergoen, esou de Gerant.
Donieft stelle sech d’Cafetieren d’Fro, ënnert wéi enge Restriktioune se nees kënnen opmaachen. Et fäert ee virun allem, datt de groussen Undrang vu de Clienten an Zukunft wäert ausbleiwen. Vill Leit wiere frou, wann d’Caféen a Restauranten deemnächst nees géifen opmaachen.
E puer Cafetiere fuerderen dann och, datt Reouverture vum Secteur mat eisen Nopeschlänner koordinéiert gëtt.
