Haut hu verschiddener nach ëmmer zou. Anerer konnte e puer Deeg méi spéit nees opmaachen. D'Wieder war dëst Joer awer am grousse Ganzen net immens gutt.
De Camping „um Salzwaasser“ zu Bur gouf komplett zerstéiert. Iwwer 1.600m³ Waasser sinn hei zu de Spëtzenzäiten duerchgelaf. E Mount no den Iwwerschwemmunge bleift nach ëmmer vill ze raumen. Den Ament ass nach net gewosst wéi et weidergeet, esou de Buergermeeschter vun der Gemeng Rouspert-Mompech Romain Osweiler. De Syndicat d‘Initiative hätt beschloss, datt ee net méi wéilt an dat grouss Gebai, de Restaurant, investéieren, well et all Kéiers direkt vum Héichwaasser betraff wier. Dat soll dofir elo ewechgerappt ginn an da géing ee wiederkucken.
D'Plaz soll awer weider fir den Tourismus genotzt ginn. De Camping kéint och iergendwann ënnert enger anerer Form nei gemaach ginn, mä misst dann awer héichwaassergerecht sinn, esou de Buergermeeschter. Et misst alles mobil sinn, net wéi e klassesche Mobilhome, fir datt et am Noutfall séier ka geréckelt ginn.

D'Campinge waren zwar net alleguerten esou schlëmm betraff, ma och déi, wou kuerz drop nees konnten opmaachen, ware mam ville Reen geplot, esou d'Generalsekretärin vun der Camprilux Linda Gedink. Schlecht Wieder a Camping géif net gutt zesummegoen an awer wier vill Nofro do gewiescht. D'Loscht. fir ze campen, wier op alle Fall do. D'Leit géife just éischter Heem fueren, well si no e puer Deeg Reen dann awer keng Loscht méi hätten.
Camprilux huet iwwregens och selwer e Fréiwarnsystem, mat deem d'Campinge kënnen iwwer SMS gewarnt ginn, esou bal d'Waasser klëmmt. Dee funktionéiert gutt fir d'Sauer awer net fir d'Our. Et misst een dofir kënnen Informatiounen aus der Belsch kréien, well béid Flëss do hiren Ursprong hunn.