Arnaque iwwer LuxTrust a SpuerkeessOnéierlecher verschécken SMS mat "Problem" a Link, fir dësen ze léisen

RTL Lëtzebuerg
An der SMS ass e Link dran, deen op eng Säit féiert, wou ee seng Donnéeë soll aginn.

Wann een dat da mécht, huet ee seng Daten un déi Onéierlech weiderginn an d'Arnaque hat doduerch Succès. Déi Onéierlech probéieren iwwert dee Wee, Accès op d'Kreditkaart, d'Bankkonten an esou u Suen ze kommen.

Bei Arnaque iwwer "Luxtrust" kënnt d'SMS vun engem Account, deen "Trust App" heescht a fuerdert d'Leit op, fir d'App à jour ze setzen. Iwwert de Link wëll een un d'Date vun de User kommen.

Bei der "Spuerkeess"-Arnaque behaapten déi Kriminell, datt de Kont temporär gespaart ass an een deen iwwert e Link an der SMS nees fräischalte kann. Bis ewell krute mir dës SMS vun enger Nummer mat spuenescher Virwal (+34).

An esou enger Situatioun soll een ni op de Link klicken oder do seng Daten aginn. Am Zweiwelsfall ass et besser, bei Luxtrust respektiv der Bank, dem Provider oder der Police nofroen.

RTL-News: Neie Scam: Warnung viru "verdächtege Bank-Aktivitéite" vu Lëtzebuerger Handysnummeren

Back to Top
CIM LOGO