Laanscht d'MuselOnéierlecher probéieren, de Leit Geld aus der Täsch ze zéien

RTL Lëtzebuerg
Am leschte Mount gouf d'Police drop opmierksam gemaach, datt op Bensinsstatioune laanscht d'Musel Onéierlecher ënnerwee sinn.

An der Reegel probéieren déi Onéierlech, d'Affer op englesch unzeschwätzen a soe si wieren iwwerfall ginn an dofir an enger Noutsituatioun. Dofir bréichte si onbedéngt Geld, fir ze tanken, fir nees heemzekommen. Dono ginn och dacks perséinlech Donnéeën ausgetosch, an der Hoffnung d'Suen zeréckzekréien.

Well d'Affer dacks Persoune sinn, déi op der Duerchrees sinn, fält hinnen de Bedruch eréischt spéit op a gëtt guer net méi bei der Police gemellt.

D'Police mécht awer drop opmierksam, datt een esou Fäll direkt bei hinne melle soll. Weider Informatioune ginn et hei.

E puer Handyen a Caféë geklaut

D'Police gouf e Méindeg de Mëtteg vun enger Mataarbechterin vun engem Café zu Beetebuerg kontaktéiert. 2 Persoune waren an de Café komm an haten e Gedrénks fir matzehuele bestallt. Wärend d'Bestellung preparéiert gouf, huet den angebleche Client en Handy hannert der Théik geklaut an ass domadder verschwonnen.

Och en Dënschdeg koum et zu Diddeleng zu engem Déifstall engem Café. Onbekannt Täter sinn an de Café gaangen an hunn zwee Telefone geklaut.

Ee weidere Fall gouf et de Weekend zu Nidderfeelen. Hei war e Client hannert d'Théik gaangen an huet d'Bezuelung vu sengem Gedrénks virgetäuscht, woubäi hie säi Portmonni op en Handy, deen op der Théik louch, geluecht huet, fir dësen ze klauen.

An deenen dräi Fäll gouf eng Plainte gemaach.

D'Police mécht nach emol op hir Rotschléi, wéi ee sech virun engem Déifstall schütze kann, opmierksam. Weider Informatioune fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO