
Déi 2 Verdächteger hu sech duerno mat engem Auto aus dem Stëbs gemaach, konnten awer vun der Police ermëttelt ginn, nodeems si beim 113 gemellt goufen.
An der Mall vum Gefier gouf Renovéierungsmatieral fonnt. Déi geklaute Wuer gouf saiséiert, de rechtméissege Besëtzer krut nees alles zeréck.
Géint déi 2 verdächteg Persoune gouf eng Plainte agereecht.