KräizbiergOGBL wënscht sech e Wiessel an Direktioun, Verwaltungsrot reagéiert verwonnert

RTL Lëtzebuerg
Den OGBL huet um Mëttwoch konkret Mëssstänn um Kräizbierg beschriwwen, nodeems därer an de leschte Woche bekannt gi waren.
Kräizbierg
Den OGBL huet um Mëttwoch konkret Mëssstänn um Kräizbierg beschriwwen, nodeems därer an de leschte Woche bekannt gi waren.

Wéinst dem „onmënschleche Féierungsstil“ um Kräizbierg wëll den OGBL eng Entrevue mat den Aarbechts- a Familljeministeren, si weider gewerkschaftlech Aktioune geplangt a wënscht ee sech e Wiessel an der Direktioun.

Den Onofhängege Gewerkschaftsbond huet vun engem Spill mat der Angscht geschwat, dee sech wéi e roude Fuedem duerch den Dossier zéie géif, vun engem Manktem u Mënschlechkeet, zanter dass déi nei Direktioun do ass, a sech d'Fro gestallt, firwat de Verwaltungsrot sou passiv agéiere géif.

Virun deem Hannergrond wären an de leschte Méint 14 Leit vum Personal hirer Wee gaangen; méi schwéier weit iwwerdeems de Virworf vu sexuellen Avancë vum Administrateur délégué géintiwwer 5-6 Leit vum Personal.

OGBL/Reportage Eric Ewald

Fondatioun: Externen Expert soll Situatioun ënnert d'Lupp huelen

De Verwaltungsrot vun der Fondatioun reagéiert an ënnersträicht, dass och fir d'Leit aus der Direktioun d'Présomption d'Innocence gëllt. Et bleift een um Wee, dass een externen Expert d'Situatioun soll ënnert d'Lupp huelen.

Deen huet och scho mat senger Missioun ugefaangen. Den Audit dierft Enn vum Mount fäerdeg sinn.

De Conseil seet sech da verwonnert, dass d'Gewerkschaftsvertrieder bei der leschter Entrevue ni eppes iwwert déi Reprochë geschwat hunn, déi géint den Administrateur-Délégué geäussert goufen.

PDF: De Communiqué vun der Fondation Kräizbierg

Back to Top
CIM LOGO