Botz- a Gardiennage-SecteurOGBL fuerdert ënnert anerem eng "Prime de reconnaissance Covid-19"

Fanny Kinsch
D’Metieren am Botz- a Gardiennage-Secteur musse revaloriséiert ginn. Dat fuerdert den OGBL e Méindeg de Moien, ...

... um 30. sougenannten "International Justice Day", op deem och déi global Gewerkschaftsunioun UNI fir d'Rechter vun de Leit am Botz- a Sécherheets-Secteur asetzt. Fir den OGBL misst den Asaz vun de Botzfraen a Sécherheetsagente wärend der Kris och finanziell unerkannt ginn.

OGBL iwwer Botz- a Gardiennage-Secteur / Rep. Fanny Kinsch

Et wier nëmmen normal, wann déi Leit, deenen hir Aarbecht wärend der Kris als essentiell deklaréiert gouf, déi zum Deel ënner schwierege Konditiounen an am Ufank och ouni dat néidegt Schutzmaterial déi ganzen Zäit geschafft hunn, och eng Unerkennung dofir kréichen, seet d'Michelle Cloos vum OGBL.

"Mä mir ginn eis natierlech net domat zefridden, mir stelle generell am Fong d'Lounkonditiounen an deene Secteuren a Fro, well einfach d'Gehälter niddreg sinn an och net wierklech eng Evolutioun an der Karriär de Leit gebuede gëtt."

D'Tendenz, datt d'Botz- a Sécherheet-Servicer ëmmer méi "ge-outsourced" ginn, dat heescht datt ëmmer méi op extern Firmen zréckgegraff gëtt, géif de Gewerkschaften d'Aarbecht méi schwéier maachen.

"Mir als Gewerkschaft, als Vertrieder vum Personal, mir verhandele mat den Employeure vun deenen Entreprisen, mä do gëtt et en drëtten Acteur, dat ass de Client, an dee probéiert natierlech esou vill wéi méiglech Service mat esou mann wéi méiglech Geld ze kréien, dat heescht och d'Intensitéit, d'Kadenz vun der Aarbecht geet erop an och an de Verhandlunge feelt eis do quasi ëmmer een Acteur um Dësch."

Dofir fuerdert den OGBL um Méindeg, um International Justice Day och nieft enger Revalorisatioun vun de Salairen a Karriärperspektiven, datt mat dëser Externalisatioun opgehale gëtt, esouwuel bei Entreprisen, wéi och och beim Staat.

Donnéeën, wéi verbreet dee Phenomen grad bei ëffentlechen Institutiounen zu Lëtzebuerg ass, hätt een net, dofir awer konkret Beispiller, seet d'Michelle Cloos.

"Zum Beispill bei der Chambre des députés sëtzt e Gardien, dat ass eng extern Firma. Dat heescht déi Persoun gëtt nom Kollektivvertrag vum Gardiennage bezuelt, dat ass net vill méi wéi de qualifizéierte Mindestloun. An iergendwou stellt sech eng fundamental Fro, firwat grad ëmmer déi Leit, déi an deene Secteure wéi dem Botz-Secteur oder dem Gardiennage-Secteur schaffen, fuerchtbar schlecht Salairen an Aarbechtskonditiounen hunn, och bei ëffentlechen a para-ëffentlechen Institutiounen, wou jo awer misst méi Sozialgerechtegkeet och fir déi Leit méiglech sinn."

Iwwerdeems fuerdert den OGBL am Kader vu sektorielle Kollektivverträg méi Transparenz iwwert d’Beneficer vun de verschiddene Betriber. Bis ewell hätt ee keen Abléck, wéi grouss d’Marge sinn.

PDF: Offiziellt Schreiwes vum OGBL

Back to Top
CIM LOGO