D'Presidentin Nora Back huet dobäi kritiséiert, dass d'Regierung vill wichteg Decisioune géing op déi nächst Legislaturperiod drécken. Dat géing virun allem fir d'Fro no der Logementskris gëllen. Hei hätt d'Regierung net genuch Courage, fir géint spekulative Leerstand an Akkumulatioun vun Immobilië virzegoen.
Den OGBL verlaangt dofir eng progressiv Besteierung op Immobiliëbesëtz. Weiderhi kritiséiert den OGBL, dass d'Regierung keng Steierreform envisagéiert. Och déi geplangten Indexéierung vum Kannergeld fir den 1. Januar 2022 stoung an der Kritik, dat wier "politesch Makulatur", well déi Concernéiert esou net vun der nächster Indextranche Enn 2021 profitéiere kéinten. Allgemeng wéilt een evitéieren, dass d'Regierung bis zu der nächster Legislaturperiod "an en Dornröschenschlof fält", esou d'Presidentin vum OGBL.
