
Den Dënschdeg hu Lëtzebuerg a Frankräich zu Stroossbuerg een Ofkommes mateneen ënnerschriwwen, dat zum Beispill a Fäll vun Terroristenattacken an nukleare Bedreeungen eng besser Zesummenaarbecht assuréiere soll.
De Plang gouf an enger grenziwwerschreidender Aarbechtsgrupp ausgeschafft an trëtt vum 1. Januar 2022 un a Kraaft. D'Ofkommes reegelt zum engen, wéi eng Autoritéiten d'Kompetenz hunn, eng Alerte wéinst engem "Événement d'ampleur" auszeruffen. Deen zweeten Deel vum Ofkommes reegelt d'Zesummenaarbecht tëscht de franséischen an de Lëtzebuerger Autoritéiten, sollt ee Katastrophefall antrieden.
Doduerch soll d'Äntwert op den Eeschtfall net just méi reaktiv, mä och méi effektiv ginn, esou d'Josiane Chevalier, d'Préfète vun der franséischer Regioun Grand Est.