
Et ass September a bei de Wënzerbetriber preparéiert ee sech sou lues op d’Wäilies. Bei eisem franséischen Noper rechent ee quantitéitsméisseg mat 12 Prozent manner Ertrag ewéi nach d’lescht Joer. Och an de Lëtzebuerger Wéngerte géif manner hänken.
An deene Wéngerten, wou net vill hänkt, kéint Mëtt September d‘Lies ufänken. Traditionell gëtt mat der Rivanerzort ugefaangen.