
Dat schreift den Immigratiounsminister Jean Asselborn an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun déi Lénk. Dës Kierperduerchsichungen an Duerchsichunge vun de Saache géife gemaach ginn, wann en Doute iwwert de Leit hir Identitéit oder hire Parcours géing bestoen.
De Minister confirméiert dem elo Ex-Deputéierten David Wagner, datt dobäi och d'Handye vun de Leit géinge gekuckt ginn. Dat wier an 20 vun den 22 Fouillen de Fall gewiescht. Iwwert dee Wee géing een dacks erausfannen, wou d'Leit virdru waren, wat notamment am Kader vum Dublin-Règlement relevant ass, dat d'Flüchtlingen obligéiert, hir Demande fir eng international Protektioun an deem Land ze maachen, an deem se fir d'éischt an d'EU komm sinn. Wann de Smartphone mat engem Passwuert gespaart wier, missten d'Leit hiren Accord ginn, fir datt d'Policebeamten se visionéiere kéinten.