Uechtert ganz Europa sinn d'Leit an de leschten Deeg a grousser Unzuel virun d'Diere gaangen, an dacks goufe Corona-Mesuren net méi agehalen. Am Ausland goufe lo éischt Konsequenze gezunn.
Zu Lëtzebuerg ass de Verbuet, fir Alkohol ze drénken op oppener Strooss, scho méi laang Deel vun den Anti-Covid-Mesuren, genee sou wéi et och nach ëmmer obligatoresch ass, do bausse vu véier Leit un eng Mask unzedoen, an 2 Meter Distanz, wann een net aus dem selwechte Stot ass. Nawell schéngt et, wéi wann d'Corona-Middegkeet, elo lues a lues och bei eis ëmmer méi ëmgeet. Mä vu wéini u gëtt et och un der frëscher Loft geféierlech? Mir hu mam Virolog Prof. Dr Claude Müller heiriwwer geschwat.
D'Ustiechungsgefor vun den Aerosolen ënner fräiem Himmel ass zwar méi geréng wéi an engem zouene Raum, ma trotzdeem net z'ënnerschätzen. Fir sech an anerer ze schützen, sollt een dofir am Beschten och dobaussen eng gewëssen Distanz anhalen an d'Mask trotzdeem net vergiessen, wann ee sech mat Leit dobaussen trëfft.
Beim Sport dobaussen ass et wichteg net am Grupp ënnerwee ze sinn, well hei méi grouss Quantitéiten u Loft ausgeotemt ginn.
Dem Prof. Dr. Claude Muller no ass et virun allem wichteg elo op der leschter Ligne droite net noléisseg ze ginn an duerchzehalen.