PetitiounskommissiounObligatioun fir d'Entreprisen, fir Teletravail z'accordéieren, ass net virgesinn

RTL Lëtzebuerg
Dat äntwert den Aarbechtsminister Dan Kersch der parlamentarescher Petitiounskommissioun.

Dës hat beim Minister eng prise de position gefrot zur Petitioun 1360, déi 2 Deeg Teletravail d'Woch verlaangt, fir sou manner Trafic ze hunn an d'Ëmwelt besser ze schützen.

Am Koalitiounsaccord wier virgesinn, datt a puncto Teletravail den "accord interprofessionel" vun 2003 op de Leescht geholl gëtt. D'Resultater vun där Evaluatioun sinn awer nach net do, esou de Minister.

Fir den LSAP-Politiker Kersch kéint et awer an d'Richtung goe vun enger legaler Basis fir déi Fäll, wou Patron an Employé sech d'un commun accord iwwer Teletravail-Deeg eens ginn.

PDF: Prise de position vun Minister Kersch

Back to Top
CIM LOGO