75 Joer ArdennenoffensivNostelle vum "River Crossing" zu Bettenduerf

RTL Lëtzebuerg
Haut, iwwer 75 Joer méi spéit, ass d'Gedenken un d’Ardennenoffensiv ëmmer nach e wichtegen Akt an der moderner Geschicht vun Europa a Lëtzebuerg.
Nostelle vum "River Crossing" zu Bettenduerf
Haut, iwwer 75 Joer méi spéit, ass d'Gedenken un d’Ardennenoffensiv ëmmer nach e wichtegen Akt an der moderner Geschicht vun Europa a Lëtzebuerg.

Bannent nëmmen 2 Deeg si bei der leschter grousser Offensiv, déi d'Nazi-Däitschland am Weste vun Europa gestart hat, dausenden alliéiert Zaldote gestuerwen oder a Krichsgefaangenschaft geroden.

Ëmmer manner Veterane vun deemools kënnen hir Geschicht nach erzielen.  Dowéinst huet sech ronderëm d'Commemoratioun vum Zweete Weltkrich eng Nei Aart Gedenken entwéckelt.

Eng al militäresch Schwammbréck zu Bettenduerf opbauen oder eng decisiv Schluecht aus der Ardennenoffensiv nostellen... dat si just e puer Elementer vum "Reenactment", also dem Nostelle vu geschichtlech relevante Momenter. An dat gëtt hautdesdaags ëmmer méi wichteg. E groussen Deel vun den Zäitzeien aus dem Zweete Weltkrich sinn net méi gräifbar, trotzdeem wëll een d'Commemoratioun lieweg halen.

De Robert Burros, en amerikaneschen Zaldot, deen am Juni 1944 iwwert d'Normandie op Metz koum a schlussendlech am Dezember 1944 zu Lëtzebuerg ukomm, ass ee vun deene leschten nach liewende Veterane vun der Ardenneschluecht. Als Jeep-Chauffeur vu sengem Virgesetzten agesat, huet hie missen den 19. Dezember 1944 un d'Front.

All alliéierten Zaldot am Land, deen eng Waff konnt droen, huet missen an den Norde vu Lëtzebuerg. Hei huet Nazi-Däitschland seng lescht grouss Offensiv duerch d'Ardenne gestart.

"Living History"

Een Deel vun der Schluecht gëtt och ëmmer nach lieweg gehalen. An deene leschte Joren hu sech ëmmer méi Living-History-Gruppe ronderëm d'Ardenne Schluecht entwéckelt. Si probéieren, mat Material vun deemools geschichtlech interessant Momenter esou genau wéi méiglech nozestellen. De Briand Benoît, Geschichtsstudent ob der Uni Lëtzebuerg, ass Deel vun esou enger Living-History-Grupp.

Elo stellt sech natierlech d'Fro, firwat een an enger däitscher Uniform d'Geschicht vun deemools nostellt. Dat hänkt virun allem domat zesummen, dass et ëmmer méi Säite vun der Geschicht gëtt. An all Deel huet seng Eegenheeten a säin Deel an de Geschichtsbicher vun haut.

Fir déi amerikanesch Zaldote war dat en dramatescht Erliefnes. Nodeems si an der Normandie scho vill Verloschter hu missen hinhuelen, haten si geduecht, dass de Krich am Dezember 1944 esou gutt wéi eriwwer wier.

Konstruktioun vun der Schwammbréck zu Bettenduerf

Wärend der Zäit, an där de Robert Burros Buerschent géint däitsch Truppe verdeedegt huet, gouf et net wäit vun him ewech eng wichteg Verännerung.

Amerikanesch Pionéier-Eenheete vum Generol Patton senger 3. US-Arméi hunn zu Bettenduerf eng Schwammbréck opgebaut, fir den däitschen Unitéiten an d'Flank ze falen. Dat Schlëssel-Ereegnes ass zu Bettenduerf vun enger hollännescher Geschichtsgrupp nogestallt ginn.

Iwwer 60 Hobbyzaldoten hunn hei am Reen a Bulli a bäi staarker Stréimung d'Bréck opgebaut. An dat genau esou wéi et deemools gemaach gouf. Fir dass déi Bréck iwwerhaapt ka gebaut ginn, muss als éischt e Stolseel iwwert d'Sauer gespaant ginn. An dat ass haut genau wéi viru 75 Joer richteg Handaarbecht. Nodeems dat gemaach gouf, kann ee lues a lues ufänken, déi eenzel Booter mat Bréckenelementer ze verbannen. Esou entsteet Stéck fir Stéck eng Bréck, déi op de Booter schwëmmt.

Och wann een alles genau esou mécht wéi viru 75 Joer, ginn et haut awer Ënnerscheeder. Haut dierfe just Leit un der Bréck schaffen, déi schwamme kënnen. Am Wanter 1944/45 sinn honnerte vun den Zaldoten, déi esou Brécken erriicht hunn, erdronk. Si konnten nämlech net schwammen.

FOTOGALERIE: Andréck vum "River Crossing" zu Bettenduerf

Back to Top
CIM LOGO