Gréissere ProjetNordstad-Fusioun: Finanzéierung an Timing ze realiséieren?

Pit Everling
Zënter Jore gëtt un der Nordstad-Fusioun gedoktert. Bis ewell war awer wéineg iwwer déi grouss Projete gewosst.
© Jeannot Ries / RTL

Nordstad-Fusioun / Reportage vum Pit Everling

Reporter.lu huet elo weider Detailer. Et si Projeten, déi kaschten, a fir déi déi 5 Gemengen nawell eng Staang Geld vum Staat verlaangen. D'Finanzéierung an den Timing dierften déi grouss Froe vun den nächste Méint ginn.

D'Buergermeeschtesch vu Bettenduerf, d'Pascale Hansen, ass virop emol net frou, datt dat internt a provisorescht Dokument an d'Ëffentlechkeet geroden ass.

"Déi Projete sinn net a Steen gemeesselt. Mir wëllen déi onbedéngt am September mat eise Gemengeréit duerch diskutéieren."

Bei de Montante géing et sech ëm Schätzungen handelen. Der Online-Plattform Reporter.lu no deele sech déi ronn 120 Milliounen op eng ganz Rei Projeten op, dorënner en neit Verwaltungsgebai, eng Schwämm, e Concerts-Sall, e Mountainbike-Park an eng Indoor-Spillplaz. Déi regional Projete wiere keng onnéideg Prestige-Projeten, gëtt d'Pascale Hansen eis ze verstoen.

"Et ass dat, wat de Bierger gären hätt, e Mehrwäert an eng Liewesqualitéit, déi erop geet. Dofir mengen ech wierklech net, datt dat do eitel Projete sinn."

Bei der Finanzéierung kéint et kriddeleg ginn. D'Inneministesch Taina Bofferding hat rezent op RTL gesot, si wier éischter net gewëllt déi 5000€ pro Awunner ze bezuelen. Déi 5 Gemenge soen, si hätten nach kee Retour vun der Ministesch kritt.

"Mir hunn dat do och an der Presse gelies. Mir hoffen elo, datt mer am September eng Entrevue bei der Ministesch kréien, fir dat nach emol ze begrënnen."

Et dierft een déi hei Fusioun net mat anere kommunalen Hochzäite vergläichen an déi 5000€ bleiwen och eng Konditioun vun de 5 Gemengen, eng kleng Dier mécht d'Pascale Hansen dann awer op.

"Mir mussen eis mol unhéiere, wat mer proposéiert kréien. Ech ka lo hei net soen: et kënnt net zu där Fusioun. Mä déi 5000€ si wichteg."

Eng weider Fro: Ass déi Fusioun nach fir 2023 op de Wee ze bréngen? Et schéngt net onméiglech ze sinn, datt dat net gléckt.

"Et gi verschidden Optiounen, eben och déi, datt d'déclaration d'intention de fusionner nach virun de Gemengewale gemaach gëtt an dann an d¨er nächster Legislaturperiod fusionéiert."

Op alle Fall wier déi geplangten Nordstad-Fusioun keng hallefhäerzeg Saach. Déi 5 Schäfferéit géingen sech gutt verstoen a gutt matenee schaffen.

 

 

Back to Top
CIM LOGO