Dobäi well ee seng Gäscht mat engem gudde Menü verwinnen. Virun allem op Chrëschtdag.
Et kéint ee fir des dach méi speziell Deeg zwou Tendenzen erkennen.
Virun allem Fleesch a Fësch hunn dëser Deeg Héichkonjunktur. Woren um Enn d'A méi grouss wei den Honger, kann een an Zäite vu nohaltegem Kachen de Gros vun den akaafte Wueren och nach no de Feierdeeg verschaffen oder awer afréieren.
De Fësch hält sech net. Geméis an Uebst par Conter schonn.
An ëmmer méi Geschäfter gëtt och op Verpakungen opgepasst a gréisstendeels drop verzicht. Plastikstute verschwannen aus de Butteker a ginn duerch Tuten aus Pabeier oder Stoff ersat. Virun allem am Geméis- an Uebstrayon.
Nohalteg akafen a liewen. E Virsaz deen ee sech kéint fir dat neit Joer faassen.