Invité vun der Redaktioun (24. Mäerz) - Noémie SadlerHemmschwell geet erof - ëmmer méi Jonker landen am Prisong, kritiséiert d'CCDH

Annick Goerens
En Dënschdeg de Moie war d'Jugendkriminalitéit en Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Noémie Sadler
En Dënschdeg de Moie war d’Jugendkriminalitéit en Theema an der Emissioun “Invité vun der Redaktioun”.

Mannerjäreger am Erwuessene-Prisong. Dat gesäit déi consultativ Mënscherechtskommissioun CCDH zanter Jore ganz kritesch. Et wéilt een elo net déi Gravitéit vun de Faite banaliséieren, mee “d’Fro, déi sech stellt, ass: Wat maache mer mat deene Jonken?” Dat freet d’Noémie Sadler. D’Presidentin vun der CCDH war en Dënschdeg de Moien eis Invitée vun der Redaktioun. Am Erwuesseneprisong wiere verurteelt Stroftäter. Erwuessener, déi ee Prozess haten. Bei de Jonken géing nach d’présomption d’innocence gëllen. Do wier nach kee Prozess gemaach. Et wier just eng “mesure de placement”. An och wann d’Personal am Prisong sech vill Méi géing ginn, fir eng anstänneg Prise en charge, sou wier et awer ni eng adaptéiert Plaz fir Kanner.

Däitlech Tendenz: ëmmer méi Mannerjäreger am Erwuesseneprisong

An de leschte Joren géing een eng däitlech Tendenz gesinn, dass d’Hemmschwell fir Mannerjäreger an den Erwuessene-Prisong ze setzen, gefall ass. 2024 waren et 6 Placementer. 2025 waren et 24 Placementer. An zanter dem Ufank vun dësem Joer si mer elo scho bei 14 Placementer vu Mannerjäregen. 11 Mineure si concernéiert, 3 si fir d’zweete Kéier do. “An dëst Joer wäerte mer deen traurege Rekord zimmlech sécher erëm briechen,” mengt d’Noémie Sadler. Par Rapport zu 2024, wieren 2025 fënnef mol méi Placementer am Prisong, an dat obwuel d’Gewalt jo net exponentiell fënnef mol méi an d’Luucht gaangen ass.

D’Mënscherechtskommissioun ass och der Meenung, dass een do méi misst mat “Mesures de diversion” schaffen an erausfannen, firwat et iwwerhaapt zu esou enger Eskalatioun vu Gewalt kënnt. Bei brutalen Delikter, wéi déi rezent, misst een och méi déif kucke goen. “Well ech mengen ee 14-järegen, 13-järegen, 15-järegen, deen esou gewalttäteg ass, do ass nach iergend en anere Problem hannendrun. Deemno wéi ass dat e bëssen e “Cry for help”, wéi een dat esou schéi seet, oder soss iergend e Problem.” Dofir misst een d’Saach bei der Wuerzel paken an net einfach op Schraasseg stiechen an der Hoffnung, dass et sech da vun eleng berouegt.

Et gëtt keng richteg Prozedur fir Mineuren

Erwuessener, déi eng Strofdot maachen, komme fir d’éischt mol bei den Untersuchungsriichter. Do gi se gehéiert, da kréie se Accès zum Dossier an duerno een Affekot. An deen entscheet dann, ob se an de Prisong/Untersuchungshaft kënns oder net. A soubal s de am Prisong bass, kanns de och direkt erëm froen, ob s de kanns erauskommen. An ënnerhalb vun dräi Deeg gesäis de een anere Riichter, erkläert d’Presidentin vun der CCDH.

Bei de Kanner, déi am Fong solle méi geschützt sinn, well se méi vulnerabel sinn, misst ee soen, dass se manner Garantien hunn. Am rezente Fall vu Bouneweg huet de Parquet einfach entscheet, fir déi Jonk an de Prisong ze setzen. Ouni dass se een Untersuchungsriichter gesinn. An normalerweis hu se och keen Affekot, ausser si froen explizitt bei der Police no engem Affekot. An heiansdo géinge si souguer e Mount am Prisong sëtzen, ouni een Riichter ze gesinn.

Mir waarden zanter Joren op d’Gesetzer vum Jugendstrofrecht a Jugendschutz

“Aktuell baséiere mer eis nach ëmmer op d’Jugendgesetz vun 1992, wat deemools jo och scho keng Avancée war,” erkläert d’Noémie Sadler. Et wier zimmlech flu an do géif alles an een Deppe geheit ginn: Affer, Kanner deenen et doheem schlecht geet an Täter. Et géing een nach ëmmer waarden op dat neit Jugendstrofrecht, an op d’Reform vum Jugendschutzgesetz. Dat géing einfach zanter Joren hänken. Aktuell beim Staatsrot. Ma och déi Texter géinge scho vun der CCDH eng Datz kréien. Et hätt schonn eng ganz Rei Avisen zu dësen Texter ginn, an déi hätt ee kéinten en considération huelen, an den Text iwwerschaffen. Dat wier awer net gemaach ginn. Hei géing een op de Staatsrot waarden, well wann do eng Opposition formelle kënnt, dann wier een gezwongen fir den Text ëmzeschreiwen.

Manner strofen, méi hëllefen

Ganz kritesch gesäit d’CCDH do, dass den Alter fir d’Strofmündegkeet vun 14 erof op 13 soll gesat ginn. Mee et wier schonn e Fortschrëtt par Rapport zu deem wat mer elo hunn, well “wat vill Leit net wëssen, mir hunn am Moment guer keng Grenz no ënnen. Dat heescht, theoreetesch kéinte mer och ee vun 10 oder 12 Joer an den Erwuesseneprisong setzen, well aktuell steet näischt am Gesetz.” Genee dat war och d’lescht Joer geschitt. RTL-Informatiounen no ass e Meedche vun 11 Joer am Prisong gelant, well et Affer vu Mënschenhandel gouf an net well et kriminell war. “11 Joer, dat ass Primärschoul. Dat muss ee sech mol op der Zong zergoe loossen”, kritiséiert d’Noémie Sadler. Dat géing kloer weisen, dass mer keng Grenz no ënne géinge kennen.

Donieft hätt och méi Fokus missen op de Mesures de diversion leien, fir Jonken ze hëllefen amplaz och nach op se drop ze klappen. “Well, wéi gesot, sinn dat dacks och Jonker, déi aus engem defavoriséierte Milieu kommen, wou een da muss ëmmer kucke goen, wéi kënne mer deenen hëllefen, fir op de riichte Wee ze kommen, amplaz eeben ëmmer nëmmen ze bestrofen.”

“Mir brauche méi Strukturen”

Ganz kloer missten onbedéngt endlech déi néideg Texter iwwer de Jugendschutz- an d’Jugendstrofrecht kommen. Et bräicht natierlech och e Jugendprisong, mee virop “musse mer einfach méi Strukture kréien, fir déi Kanner opzefänken, och méi op de psychologeschen, psychiatresche Suivi setzen”, fir eben och Recidiven ze vermeiden, fuerdert d’CCDH.

En Dënschdeg de Moie war d’Jugendkriminalitéit en Theema an der Emissioun “Invité vun der Redaktioun”.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO