Ufanks Schwieregkeeten, animéiert Diskussiounen, a schlussendlech zefridde Gesiichter. Esou kann een d'Stoltripartite vun en Dënschdeg am Aarbechtsministère resuméieren. Hannergrond ware jo déi ferme Auswierkunge vun der Covid-Kris op de Stol-Marché an domadder op ArcelorMittal, wou eng 570 Aarbechtsplaze sollen ofgebaut ginn. No 2 an enger hallwer Stonn si sech Regierung, Patronat a Gewerkschaften awer méi no komm.
D'Ministèrë wéilten intervenéieren, fir den Ofbau bei ArcelorMittal esou kleng wéi méiglech ze halen, huet den Aarbechtsminister Dan Kersch betount. An der Ekonomie zum Beispill sollten nei Projeten an der Recherche subventionéiert ginn. Och am Aarbechtsministère wéilt een op d'Moyenen zréckgräifen, déi een zur Verfügung huet.
"Fir déi Mesuren, déi geholl solle ginn sozial ze begleeden, wann op där anerer Säit Garantië vun Investissementer géife kommen."
Konkret Mesuren huet de Minister awer nach keng genannt, dofir wier et nach ze fréi. Wat d'Investissementer betrëfft, huet de Generaldirekter vun ArcelorMittal Lëtzebuerg, Roland Bastian, ënnerstrach, datt et kloer wier, datt d'Siderurgie op méi stabil Féiss misst sëtzen.
"An dozou gehéiert natierlech och, datt mer investéieren a Produkter, a Prozesser, fir d'Anlagen méi kompetitiv ze maachen. Et sinn och Investitiounen geplangt am Kader vun Automatiséierungen, déi dozou féieren, datt Aarbechtsplazen ofgebaut ginn, wat en Deel vun de 570 Plazen ass, vun deene mer schwätzen."
Fir den OGBL goufen et virun der Tripartite nach eng ganz Partie oppe Froen. Och wann de Stefano Araujo dono vun engem konstruktiven Debat geschwat huet, ginn et an den Ae vum OGBL nach Onkloerheeten.
"De Betrib huet annoncéiert, verschidden Aktivitéiten un drëtt Leit ze ginn a gläichzäiteg hu se Leit ze vill. Do muss een nach emol am Detail driwwer diskutéieren an dat analyséieren."
Och den LCGB huet sech zefridde gewisen no der Tripartite. Et wier een a senger Reflexioun bestätegt ginn, sot de Robert Fornieri.
"Et brauch een e plan d'investissement, dee seriö ass fir d'Zukunft vum Lëtzebuerger Site, deen iwwert dat erausgeet, wat bis haut presentéiert gouf. Do ware sech déi verschidde Parteien driwwer eens, datt een nach emol sech zesummesëtze muss, fir an d'Déift vun deem Ganzen ze goen."
Den nächste Rendez-vous fir d'Stoltripartite ass den 11. November.