PoliceNo engem brutalen Déifstall gouf e Mann festgeholl

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg de Mëtten war zu Esch/Uelzecht e Mann vun 2 Persoune brutal beklaut ginn. Ee vun den Täter gouf antëscht festgeholl.
© RTL Archiv

D'Affer hat sech op enger Terrass an e Gespréich verwéckele gelooss an de presuméierten Täter hiert Gedrénks bezuelt. Déi zwee hunn hien du gefrot, fir nach an en anert Lokal ze goen.

Am Passage vun der Place St. Michel an d'Rue St. Vincent hu si de Mann dunn op de Buedem gehäit, hien no Wäertgéigestänn duerchsicht a säi Portmonni matgoe gelooss. D'Affer gouf dobäi liicht blesséiert.

Kuerz drop hunn déi Onéierlech mat der geklauter Kreditkaart Suen um Bancomat opgehuewen. D'Police huet mat de Biller vun der Iwwerwaachungskamera eng Sichaktioun an d'Weeër geleet. Ee vun de Männer konnt kuerz drop fonnt an immobiliséiert ginn. Op Uerder vum Parquet gouf hie festgeholl. Elo huet hie Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO