Gemeng PréizerdaulNo engem Abroch zu Biebereg sicht d'Police no Zeien

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht vum 13. op de 14. Abrëll gouf an der Gemeng Préizerdaul an der Rue de la Mairie zu Biebereg agebrach.
© RTL-Grafik

An dësem Zesummenhang sicht d'Police no méiglechen Zeien. Persounen, déi Hiweiser kënne ginn oder Beobachtungen zu verdächtege Persounen oder Gefierer gemaach hunn, solle sech beim Policekommissariat Atert mellen.  Dëst entweder via Telefon ënnert der Nummer (+352)244-921000 oder per E-Mail police.atert@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO