
D'Police huet an hirem Opruff um 19.30 Auer geroden, fir keng friem Leit am Raum Rued-Sir mam Auto matzehuelen. Sollt ee verdächtegt Persoune gesinn, soll een dëst dem 113 mellen. Wéi d'Police geschriwwen hat, gouf hei no engem oder méi Persoune gesicht, nodeems en Abroch gemellt gouf.
Um 22.48 Auer war et op Nofro d'Informatioun, dass d'Sichaktioun an Tëschenzäit ofgebrach gouf, ouni dass een déi presuméiert Abriecher erwësche konnt.
Weider Detailer konnt een nach net ginn, ma d'Enquête ass awer amgaangen.