Interview Dr. Philippe TurkNo 8 laange Wochen an der Phas 4, kann een elo nees zeréckfueren an d'Phas 3

RTL Lëtzebuerg
Suergen géif déi nei Variant vum Coronavirus awer maachen, déi jo a Groussbritannien fir d’éischt opgetrueden ass.
© RTL-Archiv

"No 8 laange Wochen an der Phas 4, kann een elo an den nationale Spideeler nees zeréckfueren, an an d’Phas 3 iwwergoen...". Dat sot eis den Dr Phillippe Turk, den Internist a Member vun der Covid-Krisen-Cellule vun der Regierung, deen zoustänneg ass fir d’Koordinatioun vun de Spideeler.
D’Phas 3, déi en Dënschdeg vun der Krisen-Cellule dierft validéiert ginn, bleift awer nach eng relativ grouss Charge, warnt den Dokter.

Interview mam Dr. Turk - E Reportage vum Joël Detaille

"Mer sinn elo zeréck bei den Zuelen, wéi mer se Mëtt Oktober haten, virum Ufank vun der 2ter Infektiounswell", sou seet et den Dr Phillippe Turk, dee confirméiere konnt, dass d’Spidolspersonal e bësselchen opootme kéint, och wann d’Situatioun nach ganz ugespaant bleift.

Dr. Turk:Mer sinn an der Phas 3, wat och um Dënschdeg esou kann an der cellule de crise validéiert ginn. Mer erhoffen eis weider Effekter vun de Mesuren, déi d'Regierung ëm Chrëschtdag geholl huet.

Et wier kruzial, dass déi scho confirméieren, an d’Infektiounschifferen, an domadder eben och d’Fäll vu Leit déi eng klinesch Hëllef brauchen, weider zeréck geet.

Ma Suerge géif awer déi nei Variant vum Virus maachen, déi jo a Groussbritannien fir d’éischt opgetrueden ass, a warscheinlech vill méi ustiechend an aggressiv ass, wéi de Sars-Cov2, sot den Dokter Turk. Grad elo an der kaler Joreszäit, géif dee riskéieren Enn Januar an an de Februar eran d’Infektiounszuelen och hei am Land nees an d’Luucht ze drécken.

Dr. Turk:De Risiko ass schwéier anzeschätzen. En ass sécher do. Et gëtt gesot, dass de berühmten R-Wäert duerch déi nei Variant ëm en gros 0,5 an d'Luucht geet. Dat bedeit, dass mer mussen dru schaffen, fir d'Zuelen sou niddreg wéi méiglech ze halen. De Risk ass, dass mer riskéieren nees eng exponentiell Hausse kéinten ze kréien, wat riskéiert da ganz explosiv ze ginn.

Eng quokeleg Situatioun also… Dofir ass de Medezinner a Punkto Recommandatiounen fir en Deconfinement och éischter verhalen.

Dr. Turk:Ech géing soen, dass mer an den nächste Wochen nach extrem virsiichteg musse sinn, mer mussen hoffen, dass d'Courbe vun den Infektiounen an de Vaccinatiounen sech kräizen. D'Campagne ass jo elo konsequent ugerullt an eng Rëtsch Soignante krute schonn hir éischt Dosen. Vum nächste Méindeg un kommen do dann honnerte Leit derbäi.Ooch déi weider Vaccine kommen wuel ganz séier. Mä bis mer eng grouss Mass vu Leit geimpft hunn, dauert et nach. Déi nächst 3 Méint wieren dohier, duerch déi brittesch Variant vum Virus, weider ganz geféierlech.

De kompletten Interview mam Dr. Philippe Turk

Back to Top
CIM LOGO