
Laut albanesche Medie soll hien de Weekend an der albanescher Haaptstad Tirana zwee Männer ugeschoss a verletzt hunn. Wéi d'Lëtzebuerger Wort schreift, war den Aldo Iamandi trotz internationalem Haftbefeel eigentlech sécher an Albanien. Lo dierft d’albanesch Police awer och hannert him hier sinn.
De 24. November hat den Aldo Iamandi ee Mann zu Réimech mat enger Pistoul ugeschoss a schwéier blesséiert. Laut Update vun Europol, war hien du mat engem Mercedes an d’Belsch geflücht an antëscht an Albanien erëm ukomm. De Mann ass och gesicht wéinst illegalem Handel mat Waffen, Munitioun an Sprengmaterial.