Kritik vun der ULC un der RegierungNet novollzéibar, dass Eenzelhandel a kleng Gastronomie mussen zoubleiwen

RTL Lëtzebuerg
Bei sou klenge Betriber wieren d'Sécherheetsmesuren nämlech méi einfach ëmzesetzen, wéi an de grousse Surfacen.
© RTL

Virun allem bei méi klenge Betriber géif et den Ament ëm d'Iwwerliewe goen an ëm d'Ofséchere vun den Aarbechtsplazen.

Dowéinst fuerdert d'ULC d'Regierung op, sech dës Mesuren nach eemol grëndlech duerch de Kapp goen ze loossen, op een dës méi kleng Betriber wierklech nach ëmmer sollt zou loossen. Och hei sollen ouni Fro natierlech streng Mesuren agehale ginn, sollten dës Betriber nees dierfen opmaachen.

Änlech fuerdert een dat och fir d'Coiffeuren an deenen och meeschtens d'Sécherheetsmesurë méi einfach a konsequent kënnen agehale ginn, wéi e gréissere Supermarchéen zum Beispill. Dobäi kënnt, dass och hei d'Mask obligatoresch wier an dass ee kéint mat Rendezvouse schaffen.

D'ULC mécht och nach eemol den Appell un d'Clienten, dass a Geschäfter de Sécherheetsofstand vun 2 Meter genee misst agehale ginn.

Suerge gëtt sech och ëm eeler Leit a Spideeler, Alters- a Fleegeheemer gemaach, déi méi a méi eleng wieren. Hei gëtt gefuerdert, dass Leit, déi enk matenee verwannt sinn, d'Méiglechkeet nees kréien, sech ze gesinn, dat natierlech nees ënnert strenge Sécherheetsoplagen.

Den offizielle Communiqué vum Konsumenteschutz

Back to Top
CIM LOGO