Zu LëtzebuergNet grad 100 Kilo Plastik d'Joer verbraucht de Lëtzebuerger am Schnëtt

RTL Lëtzebuerg
Dat äntwert d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg op eng parlamentaresch Fro vum Piraten-Deputéierte Marc Goergen.
© AFP

Gekuckt goufen d'Joren 2013 bis 2017 an d'Tendenz weist no uewen. Waren et 2013 nach am Ganze gutt 51.000 Tonnen, ass de Konsum an de Joren duerno eropgaangen op bal 59.000 Tonnen am Joer 2017.

Plastik-Offall/Reportage Pit Everling

Déi selwecht Evolutioun gëtt et beim Verbrauch pro Kapp. Dee louch viru 6 Joer nach bei 94,3 Kilo, 2017 waren et 98,4 Kilo.

Fir 2018 ginn d'Donnéeën den Ament traitéiert. De Bioplastik gëtt bei de genannten Zuelen iwwregens net consideréiert, heescht et. D'Kategoriséierung ass allgemeng méi komplizéiert.

De meeschte Plastik fënnt een am Offall vu Privatleit a Betriber, hei gëtt awer zum Beispill och dee Plastik agerechent, dee separat zortéiert gouf.

Fir d'Joren 2013 an 2014 waren awer bal 18% vum Plastik, dee verbraucht gouf, nach am Reschtoffall vu Privatleit erëmzefannen.

Och net mat agerechent ginn zum Beispill Elektroschrott oder Hygiènesartikelen.

Datt d'Tendenz no uewe géing weisen, géing och dorunner leien, datt ganz vill Moossnamen, fir de Plastikverbrauch ze reduzéieren, eréischt an de leschte Joren op de Wee bruecht goufen, schreift d'Ministesch.

D'Carole Dieschbourg zielt eng ganz Rëtsch Mesuren op. Eng dovunner ass déi, datt et zënter Januar dëst Joer keng gratis Plastikstute méi an de Geschäfter gëtt.

All d'Mesuren hätte sécherlech dozou bäigedroen, d'Leit fir d'Problematik ze sensibiliséieren. Well déi meescht Moossnamen awer wéi gesot rezent ëmgesat goufen, wier et schwéier, fir den Impakt an Zuelen ze faassen, heescht et weider vun der Ministesch.

An deem Kontext gëtt op d'Resultater vun der Analys vum sougenannten Hausdreck gewaart, déi ginn am Hierscht publizéiert.

PDF: Äntwert vum Carole Dieschbourg op eng parlamentaresch Fro vum Marc Goergen

Back to Top
CIM LOGO