Zwou EnthalungenNeit Klimaschutzgesetz mat 54 zu 4 Stëmmen ugeholl

RTL Lëtzebuerg
Trotz vill Kritik hunn d'CSV an d'Piraten den Text matgestëmmt, déi Lénk hu sech enthalen. Eenzeg d'Adr huet komplett dogéint gestëmmt.
© AFP

De Klimaschutz kritt e gesetzleche Kader. Den entspriechende Gesetzprojet, deen net grad virun engem Joer vun der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg deposéiert gouf, krut en Dënschdeg an der Chamber 54 Jo-Stëmmen, bei véier Nee-Stëmmen an zwou Abstentiounen. De Projet ass domat ugeholl. D'CSV an d'Piraten hunn de Gesetzprojet och guttgeheescht, trotz vill Kritik. Déi Lénk hu sech enthalen, well de Projet net wäit genuch géif goen.

Virop d'CSV an déi Lénk hu bemängelt, dass fir déi verschidden Industrie- a Wirtschaftssecteure keng konkret Ziler fixéiert wären. Dem David Wagner vun déi Lénk no ass dat, well d'Regierungskoalitioun sech net géif eens ginn. De Paul Galles vun der CSV huet bedauert, dass d'Fro vum Wuesstem an dësem Text net traitéiert gëtt.D'ADR huet mat Nee gestëmmt. Hire frëschgebakenen Deputéierte Fred Keup huet vu grénger Ideologie geschwat, den Discours iwwer de Klimawandel a Fro gestallt an deenen anere Parteie reprochéiert, de Leit bewosst Angscht ze maachen.Mat dësem Gesetzprojet soll Klimaschutz bedriwwe ginn no de Critèrë vum Paräisser Accord. Et schaaft gesetzlech Piliere fir d'Ëmsetzung vum nationale Klima- an Energieplang an en neie Fong fir déi Zwecker. D'Wëssenschaft soll de Klimaschutz zu Lëtzebuerg guidéieren. Zwou nei Institutioune gi geschaaft. Eng Plattform fir den liewegen Austausch tëscht de bedeelegten Acteuren aus ënnert anerem Wirtschaft an Naturschutz, grad ewéi een Observatoire.De Mouvement Ecologique hat dëse Gesetzprojet an engem Avis scho massiv kritiséiert. Et wär just nach en ausgehielegten Text deen dem Eescht vun der Situatioun net géif Rechnung droen.

Schreiwes

Chamber stëmmt mat grousser Majoritéit éischt Klimaschutzgesetz vu Lëtzebuerg (08.12.2020)
Communiqué par: ministère de l'Environnement, du Climat et du Développement durable

Pünktlech zum 5. Gebuertsdag vum Paräisser Klimaschutzofkommes den 12.12.2020, huet Lëtzebuerg fir d’éischt Kéier e nationalt Klimagesetz. Den entspriechende Gesetzestext ass den 8. Dezember 2020 vun der Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung am héijen Haus presentéiert ginn, an no laangen Debatten mat 54 Jo-Stëmmen a just 4 Nee-Stëmmen bei zwou Enthalungen ugeholl ginn.

De Vote vun dësem Gesetz steet net nëmmen am Zesummenhang mam Paräisser Accord, deem seng Klima-Ambitiounszyklen et iwwerhëlt, mee e fällt och an eng entscheedend Woch fir de Klimaschutz a ganz Europa. En Donneschden entscheeden déi europäesch Staats- a Regierungschefen iwwert méi héich Ambitiounen vun Europa, an debattéieren d’Mindestzil vu 55% Emissiounsreduktiounen, zu deem Lëtzebuerg elo och ganz offiziell iwwert säi nationalt Klimagesetz e wichtegen Bäitrag leescht.

Zilsetzung 2030 & 2050

Effikasse Klimaschutz erfuerdert Planungs- an Investitiounssécherheet duerch kloer an ambitiéis Ziler: d‘Reduktioun vun den Zäregasemissiounen vun 55% am Joer 2030 par rapport zu 2005 an d‘Klimaneutralitéit spéitstens am Joer 2050 sinn am Gesetz verankert, genee wéi dat iwwergeuerdent Bestriewen fir d’Äerderwiermung op 1,5°C ze begrenzen. Sektoriell Ziler an de Beräicher Industrie an Energieproduktioun, Mobilitéit, Gebaier, Land- a Forstwirtschaft, Offall an Ofwaasser wäerte sécherstellen, datt déi grouss Potenzialer effizient genotzt ginn. Konkret Moossnamepisten an alle Beräicher sinn am integréierten Energie- a Klimaplang, deen d’Regierung am Mee 2020 adoptéiert huet, hannerluecht.

Zesummenaarbecht a Gouvernance

Effikasse Klimaschutz bedeit eng Zesummenaarbecht vun eis alleguer: Dat neit Kadergesetz schaaft dofir déi néideg Strukturen a Prozeduren. Iwwer déi nei „plateforme climat“ wärten all d’parties prenantes – Vertrieder vun den ëffentlechen Acteuren, der Zivilgesellschaft, den Entreprisen, den Investisseuren – un der Ausaarbechtung an dem Suivi vun der Ëmsetzung vum Energie- a Klimaplang bedeelegt ginn. Een nei gegrënnten, onofhängegen „Observatoire“ wäert d’Ëmsetzung vun der Klimapolitik wëssenschaftlech begleeden an d’Regierung entspriechend beroden.

Nei Finanzéierungsméiglechkeeten

Méi Klimaschutz bedeit och zousätzlech Investitiounen a finanziell Ënnerstëtzung. De Klima- an Energiefong gëtt, als zentraalt Finanzéierungsinstrument vun der Klimapolitik, weider gestäerkt. Alimentéiert duerch ënnert anerem een Deel vun der neier CO2-Steier, wäert dëse Fong an Zukunft eng grouss Bandbreet vu Moossnamen an de Beräicher Klimaschutz, erneierbar Energien, Energieeffizienz an de nohaltegen Finanzen finanzéieren kënnen, net nëmmen zu Lëtzebuerg, mais och an den Entwécklungslänner. D’Solidaritéit mat den oft am meeschten vun den Auswierkungen vum Klimawandel betraffenen Länner ass e weideren wesentlechen Bestanddeel vum Paräisser Klimaschutzofkommes.

189 vun 197 Vertragsparteien hunn de Paräisser Accord mëttlerweil ratifizéiert, a si prett fir en ab dem 1. Januar 2021 ëmzesetzen. Lëtzebuerg ass och prett.

PDF: De Communiqué vun Déi Gréng

Back to Top
CIM LOGO