
De Gesetzesprojet 8684 ass fir de Lëtzebuerger Flüchtlingsrot e klore Réckschrëtt. Bei der Presentatioun vum Avis huet de Sergio Ferreira betount, datt hannert dem Discours vun enger europäescher Harmoniséierung vun der Asylpolitik virun allem eng ëmmer méi strikt a securitär Approche géing stiechen. Dat géif sech negativ op d’Rechter vun de Leit auswierken, déi hei am Land Schutz sichen.
Ee vun den Haaptkritikpunkte betrëfft den neie sougenannte Centre de filtrage. Do soll an Zukunft ënner anerem decidéiert ginn, ob eng Persoun an d’Asylprozedur kënnt, oder ob eng Retourprozedur ageleet gëtt. Fir de Flüchtlingsrot ass et problematesch, datt dëse Filtrage ënnert dem Ministère de l’intérieur an am Kontext vum Centre de rétention ugesidelt soll ginn. Aus hirer Siicht misst éischter den Office national de l’accueil dofir zoustänneg sinn. Donieft fuerdert de Flüchtlingsrot, dass de Filtrage vu pluridisziplinären Ekippe gemaach soll ginn, fir och op Situatioune mat vulnerabele Mënschen adequat kënnen ze reagéieren.
Besonnesch Suerge mécht dem Flüchtlingsrot den Ëmgang mat net-begleete Mineuren. D’Valérie Mahe huet erkläert, datt dës Jonker bei hirer Arrivée dacks eleng virun engem Agent géife stoen. De Flüchtlingsrot plädéiert dofir, datt si schonn de Moment vum sougenannte Filtrage vun engem Professionelle begleet ginn, am beschte Fall vun engem Affekot, dee fir den Ëmgang mat Mineure forméiert ass.
Kritik gëtt et vum Kollektiv vun diversen Organisatiounen och un de Reegelen iwwert d’Kontroll vu perséinleche Géigestänn an elektroneschen Apparater. Dem Flüchtlingsrot no wier de gesetzleche Kader net präzis genuch an et géing u klore Protectiounsbarriäre feelen. Fouillë missten eng Ausnam bleiwen a just méiglech sinn, wann et eescht Indicë gëtt, datt eng Persoun wichteg Informatiounen zeréckhält.
En anere Punkt, ëm deen et am Avis geet, sinn d’Delaie fir e Recours anzeleeën. An der normaler Prozedur soll dës Frist vun engem Mount op 20 Deeg verkierzt ginn. Fir de Flüchtlingsrot riskéiert dat, den Zougang zu engem Affekot ze erschwéieren, huet d’Marion Dubois erkläert. Och bei den Transferten an aner europäesch Länner géing Lëtzebuerg eng restriktiv Linn fueren, obwuel den europäesche Kader eigentlech méi laang Friste géing erlaben.
Weider Zweifel huet de Flüchtlingsrot un der consultativer Kommissioun, déi sech ëm Fäll vun net-begleete Mineure këmmere soll. Si kéint ze vill op eng méiglech Réckféierung ausgeriicht sinn an ze wéineg op d’Wuel vum Kand, esou eng Kritik. Kloer ass fir de Kollektiv, dass Mineuren, och wann si iwwer 16 Joer al sinn, net an e Centre de rétention géinge gehéieren.
Fir de Flüchtlingsrot misst de Gesetzestext nogebessert ginn, besonnesch fir de Schutz vu Kanner a vu vulnerabele Persounen ze garantéieren.