
Deen huet een elo mat der däitscher Firma Tilray fonnt, déi och Partner fir d'franséisch Autoritéite fir de Cannabis-Pilot-Projet ass.
D'Firma kritt de Cannabis aus Portugal a Kanada geliwwert. Déi éischt Commandë sollen Enn September hei am Land sinn a ginn dann un d'Spidolsapdikten ausgeliwwert.
Fir dëst Joer si Commanden an Héicht vu ronn 3 Millioune virgesinn, déi de Santésministère beim Finanzministère ugefrot huet. Alles an allem mécht dës Quantitéit eng 30 Kilo medezinesche Cannabis aus.
Dës Prezisiounen liwwert d'Gesondheetsministesch Lenert op eng parlamentaresch Fro vum Piraten-Deputéierte Sven Clement.
D'Pirate reagéieren an engem Communiqué op d'Äntwert vun der Paulette Lenert a kritiséieren, datt déi Quantitéiten, déi bestallt goufen, net duerginn, fir all Patient bis um Enn vum Joer mam medezinesche Cannabis ze versuergen. Si fuerderen, datt d'Quantitéiten, esouwuel vun de Planze wéi och déi vum Ueleg, mussen eropgesat ginn an nobestallt muss ginn.