De KloertextNei Weltuerdnung: Dee Staarke wënnt an d’EU e Vull fir d’Kaz?

Caroline Mart
Dany Rasqué
"Ech wëll dat, ech braucht dat an ech huele mir, wat ech wëll." Méi komplizéiert schéngt d’Weltbild vum Donald Trump net ze sinn.
De Kloertext: Nei Weltuerdnung: Dee Staarke wënnt an d’EU e Vull fir d’Kaz?
Elo donneschdes um 20 Auer. D‘Emissioun vum Caroline Mart ronderëm déi Themen, déi jiddereen am Alldag betreffen.

“Déi eenzeg Limitt vu menger Muecht si meng Moral a mäi Verstand!” Dat ass e Saz vum US-President Donald Trump, dee sech einfach dat hëlt, wat hie well hunn. Den Ament hätt hie jo nawell gäre Grönland, eng Insel, déi zu der EU an zu der NATO gehéiert.

Nei Weltuerdnung: Dee Staarke wënnt an d’EU e Vull fir d’Kaz?

Wéi soll a kann d’Europäesch Unioun dorop reagéieren, an Zäiten, wou se militäresch nach ëmmer ofhängeg vun den Amerikaner ass. Doriwwer gouf en Donneschdeg den Owend am Kloertext op der Tëlee diskutéiert.

Den onofhängegen Europadeputéierte Fernand Kartheiser war jo eng Zäit laang zimmlech begeeschtert vum Donald Trump. Wärend dem Walkampf hat den ADR-Politiker dem Republikaner souguer e Bréif geschriwwen. An Tëschenzäit well de Fernand Kartheiser awer net méi Member vum Trump-Fanclub sinn: “Nee! Hien huet am Walkampf jo ugekënnegt gehat, datt hie sech géing asetze fir eng Normaliséierung vun den internationale Bezéiungen. Hien huet och gesot, e géing sech asetzen dofir, datt d’Amerikaner sech net méi ëmmer an d’Kricher amëschen, all d’Interventiounen, dat waren eigentlech déi Verspriechen, déi e gemaach hutt. Ech hunn déi ganz gutt fonnt, ech wollt dat ënnerstëtzen. Mir gesinn elo, datt en dat net mécht, dat enttäuscht mech.”

De Fernand Kartheiser ass net deen eenzegen, dee vum Trump enttäuscht ass. De liberalen Europadeputéierte Charel Goerens huet ëmmer virun engem zweete Mandat vum President Trump gewarnt a weist drop hin, datt ëmmer méi Sympathisante vun him laang Gesiichter maachen: “Mir fält op, datt elo eng Partie Leit kal Féiss kréien, déi virdrun dem Trump d’Stiwwele geleckt hunn, déi fänken elo u kal Féiss ze kréien. Well an Europa ass d’Opinion publique awer net grad op der Linn vum Trump. Dat gëllt zum Beispill fir e Messerschmidt an Dänemark, dat gëllt och fir d’AFD, déi haut op enger Pressekonferenz gemengt huet, se misst eng Distanz zum Trump äusseren.”

D’Weltuerdnung ass an deene leschte Joren zolidd op d’Kopp gehäit ginn

De Michel Erpelding ass Expert fir internationaalt Recht a Chercheur um Max-Plank-Institut. Fir hien ass déi nei Weltuerdnung en Opdeelen tëschent den USA, China a Russland. Mir wieren do nach just eng Quantité négligable: “Mir waren an enger Weltuerdnung, déi wéinstens formal drop baséiert war, dass all Land gläich ass. All Land huet eng Stëmm an der Uno, an der Generalversammlung. Da ginn et natierlech grouss Muechten, déi permanent am Conseil de sécurité sinn an esou, mee grosso modo ass et awer esou, jiddwereen ass gläich, jiddwereen, all Vollek huet déi nämmlecht Dignitéit, nee, mir ginn elo zréck an eng Welt, déi ee kann als imperial beschreiwen, wou et grouss Imperie ginn an all déi aner hu virun hinnen ze knéien.”

Den LSAP-Deputéierten Yves Cruchten, dee Vizepresident vun der aussepolitescher Chamberkommissioun ass, schléisst net aus, datt et dem Donald Trump just ëm Ressource geet, mä fir hie gëtt et awer nach eng aner Optioun: “Wie weess, also ech si glécklecherweis net am Kapp an an de Gedanke vum Här Trump, well do schéngt vill Chaos ze sinn. Mä Grönland, Dir hutt et richteg gesot, Grönland wär fir d’Amerikaner absolutt méiglech do hir militäresch Presenz auszebauen. Dat huet souwuel déi grönlännesch Regierung, wéi och déi dänesch Regierung bekräftegt a si géife souguer nach gehollef kréie vun den Europäer, ob et elo wéinst de Ressourcen ass? Ech weess, dat ka selbstverständlech sinn, well mir gesi wéi vill Kricher wéinst Ressourcen am leschte Joerhonnert gefouert goufen an nach ëmmer gefouert ginn, mä ech froe mech entre-temps ob et net souguer vill méi einfach ass. Nämlech dass sech den Här Trump vläit seet, e wëllt gär an d’Geschicht agoen als dee President, deen den Territoire vun de Vereenegte Staate vergréissert huet.”

Wat de Chaos am Donald Trump sengem Kapp ugeet, do hält sech de Psychiater Paul Rauchs mat engem Diagnostik zeréck, hien huet sech awer scho mam Personnage Trump beschäftegt: “En ass warscheinlech net geckeg. En huet awer eng gewësse Psychologie. An déi Psychologie ass mat engem klenge Kand ze vergläichen. De Freud huet vu ‘seiner Majestät das Baby’ geschwat. De Baby mengt e wär allmächteg. E mengt hien hätt dee Gréissten, e kéint am haartste jäizen an da kréich en och alles. Deelweis mécht den Trump dat och an deelweis ass en och allmächteg.”

Fir de Paul Rauchs ass och en Donald Trump vulnerabel, genee wéi Puppelcher. Et dierft ee just net dem US-President de Choix vun de Waffe loossen. Mir kéinten hie mat eise Wäerter schloen, ënnersträicht den Auteur a Psychiater. Virop andeems Europa zesummenhält an d’EU gestäerkt gëtt.


Eis Invitéen:

Michel Erpelding

Expert fir Internationaalt Recht
Chercheur um Max-Plank-Institut

©
Nelson Cheung

Charel Goerens (DP)

Europadeputéierten
Fréiere Verdeedegungsminister

© Nelson Cheung

Yves Cruchten (LSAP)

Deputéierten
Vizepresident aussepolitesch Kommissioun

©
Nelson Cheung

Paul Rauchs

Psychiater
Auteur

© Nelson Cheung

Fernand Kartheiser (ADR)

Onofhängegen Europadeputéierten
Fréieren Diplomat an Duebel-Agent

© Nelson Cheung

Back to Top
CIM LOGO