A-Psycho oder A-MathéNei Sektiounen am Secondaire Classique um Fieldgen

RTL Lëtzebuerg
No enger Ëmfro bei de Schüler a Schülerinnen huet een an der Privatschoul decidéiert, fir vum Hierscht un dräi weider Sektiounen unzebidden.
© Sandra Mélan

Mam Zil fir déi aktuell Offer vun de Sektiounen am Cycle Supérieur am Enseignement Classique opzelackeren, huet den Educatiounsministère de Lycéeën den Optrag ginn, Spezialisatioune pro Gebai unzebidden. Dorop huet ënnert anerem de Fieldgen reagéiert a vum Hierscht u ginn et do dräi weider Sektiounen zur Auswiel. Engersäits sinn d'Interesse vun de Schüler net nëmmen op déi Fächer limitéiert, déi op enger Sektioun ugebuede ginn. Anerersäits sinn och d'Stäerkte vun de Schüler op enger A-Sektioun net ëmmer onbedéngt an alle Sproochen ze fannen. Fir Ännerunge virzehuelen, sinn d'Schüler och mat agebonne ginn. Am Cycle Supérieur vum Enseignement Secondaire Classique si si gefrot ginn, wéi hinnen déi aktuell Sektioune gefale respektiv wat hirer Meenung no kéint geännert ginn.

Et huet sech do erauskristalliséiert, datt d'Schüler gären d'Méiglechkeet hätten, en eenzelt Fach auszetauschen, esou d'Anja Namur, Attachée à la Direction um Fieldgen. D'Ëmfro bei de Schüler huet kloer erginn, wéi eng Fächer dat sinn.
Grouss Begeeschterung gëtt et bei de Schüler fir Psychologie op der A-Sektioun. An deem Beräich ginn et Parallelle mat der Analys an der Interpretatioun an der Literatur vu Personnagen. Et hu sech vill Schüler, niewent de Sproochen, och Mathé gewënscht. Dëst Fach gëtt vun enger Rei Unien als Krittär gefrot, fir zougelooss ze ginn. Sécherlech ass et och eng Ofwiesslung zu de Sproochen an der Literatur. Déi Stonnen, déi fir dës zousätzlech Fächer gebraucht ginn, gi vun enger Sprooch ewechgeholl. Déi Sprooch, sief et Franséisch oder Däitsch, gëtt dann op deem Niveau vun den anere Sektioune ënnerriicht. Esou hunn dann och Schüler, déi e bësse méi schwaach an enger vun deenen zwou Sprooche sinn, d'Méiglechkeet eng A-Sektioun ze wielen: sief et A-Psycho oder A-Mathé.

Gesond Liewensweis an och Sport ginn et op der neier C-Sektioun: Sport et Santé. Do steet dann och e prakteschen Deel mat um Programm, fir esou d'Theorie aus de Fächer iwwer d'Naturwëssenschafte besser ze verstoen.

An der haiteger Zäit ass Digitaliséierung an alle Beräicher erëmzefannen. Dowéinst steet um Fieldgen vum Hierscht un op alle Sektiounen am Cycle Supérieur vum Enseignement Classique Informatique appliquée um Programm. Do gëtt dann den Excel geléiert. Dëst ass just net méiglech op der Sektioun "Sport et Santé", well do d'Stonnenzuel vun den anere Fächer net gekierzt ka ginn.

Mat dëser gréisserer Offer sollen d'Schüler kënne méi mat bestëmmen wat si interesséiert a wat méi op hir Kompetenzen zou geschnidden ass. Etüden hunn erginn, datt wann d'Schüler méi agebonne ginn, datt si doduerch besser Leeschtungen a Resultater kréien, esou d'Anja Namur. D'Schüler ginn och esou motivéiert méi Responsabilitéit iwwert hiert d'Liewen ze huelen.

Back to Top
CIM LOGO