
De Lëtzebuerger Bëscher geet et schlecht. Dat sot den CSV-Deputéierte Marco Schank e Mëttwoch an der Chamber. Zejoert war nämlech den Inventaire gemaach ginn. D'Resultat: d'Halschent vun den Bëscher si staark beschiedegt.
De CSV-Deputéierte Marco Schank wollt d'Detailer wëssen. Dofir war e Mëttwoch de Mëtteg d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an d'Héicht Haus invitéiert.
De Budget fir den Acteuren am Beräich Privatbësch mat enger adequater Berodung zur Säit ze stoen, wär däitlech gehéicht ginn, op 290.000 Euro zejoert.
Carole Dieschbourg: Mir wëssen dass den Ament 80 Prozent vun de Monokulture Privatbësch sinn. Dofir menge mir, dass mir do wierklech mussen en Zant zouleeën am Sënn vun der Bekämpfung vun der Klima- an Biodiversitéits-Kris.
Déi finanziell Bäihëllefe fir eko-systemesch Leeschtungen, dat heescht fir Exploitanten déi nei Planzen an engem Bësch gesat hunn, goufe verduebelt, esou d'Carole Dieschbourg.
De Borkenkäfer riicht deels grousse Schued un. Vill Beem hu misse gehae ginn. Den Ëmweltministère entschiedegt déi concernéiert Exploitante mat 5000 Euro den Hektar. De CSV-Deputéierte Marco Schank huet seng Douten ob dat duergeet.
Marco Schank: D'Bëschbesëtzer argumentéieren allerdéngs an deem Fall, dass déi 5000 Euro manner ewéi 20 Prozent vum Verloscht wieren, an dat wär bei wäitem ebe keen Ausgläich, fir dat Akommes wat hinnen entgaangen ass.
Fir d'Carole Dieschbourg ass eleng dat schonn en Ufank. An d'Pièce de Résistance fir d'Rettung vum Lëtzebuerger Bësch kéim dëst Joer: eng nei Primm fir Bëschbesëtzer déi am Sënn vum Klimaschutz matschaffen.
Carole Dieschbourg: Et ass ganz kloer, dass wa mir hei esou eng Aide maachen, déi mir tatsächlech ''Klimabonus fir de Bësch'' nennen, da mussen all Funktiounen déi eise Bësch huet, och an deenen Ekosystemer berécksiichtegt ginn.
Déi concernéiert Acteure sollen Accès op all néideg wëssenschaftlech Donnéeën hunn. D'Ëmweltministesch huet eng nei Kartographie vum Lëtzebuerger Buedem annoncéiert. Déi kéim am Laf vun dësem Joer eraus. Dorop kéinten d'Bëschbesëtzer gesinn, wéi eng Beem op wéi enge Plazen am meeschte Sënn maachen.