Traditiounsentreprise an däitsch Hänn?Nei Pläng vu Paul Wurth maache Gewerkschafte Suergen

RTL Lëtzebuerg
Firwat verkeeft de Staat seng Parten a wat heescht dat fir de Site Lëtzebuerg, virun allem à long terme? Dat froe sech OGBL an LCGB.
© RTL Archiv

Gewerkschaften zu Paul Wurth - Reportage Pit Everling

D'Lëtzebuerger Traditiounsentreprise Paul Wurth soll ganz an däitsch Hänn iwwergoen. De Staat wëll seng 40% vun de Parten ofstoussen an negociéiert mam Mammenhaus vum Stolbetrib Paul Wurth, dem däitsche Grupp SMS. Et si Pläng, déi de Gewerkschafte Suerge maachen.

LCGB an OGBL schwätze vun enger "Société phare", vun engem Lëtzebuerger Pilier, engem Traditiounsbetrib, deen een hei géing opginn a ganz an d'Hänn vun engem privaten Acteur géing weiderginn.

Eppes, wat een natierlech géing bedaueren, sou de Robert Fornieri vum LCGB. Bei Paul Wurth wier ëmmer e gutt Klima gewiescht a lo wéisst een net, wéi et weider geet: "Am Moment schaffe méi wéi 500 Salariéë bei Paul Wurth. Wat mir lo wëlle wëssen, ass: Wéi organiséiert de Grupp SMS sech no der Reprise? Gëtt et e Risk fir Delokalisatiounen? Gëtt Paul Wurth e Centre d'excellence fir SMS?"

Wat d'Perspektiven ugeet, wier net alles onbedéngt negativ, sou de Robert Fornieri. SMS wier e groussen Acteur, wat Paul Wurth ganz aner Méiglechkeete bei der Recherche kéint bréngen, notamment am Beräich "grénge" Stol.

Firwat verkeeft de Staat seng Parten a wat heescht dat fir de Site Lëtzebuerg, virun allem à long terme? Déi Fro stellt sech natierlech och de Kevin Dechmann vum OGBL. Fir den Ament sinn d'Aarbechtsplazen am Grand-Duché ofgeséchert, bis Enn 2023. Mä wat geschitt dono?

Wat Suerge bereet, ass, datt den däitschen SMS Grupp grad an enger Kris stécht a restrukturéiert gëtt: "D'Erfarung zu Lëtzebuerg an am Ausland weist eis et: d'Wuert Restrukturatioun verbanne weder d'Gewerkschaften nach ganz vill Salariée mat eppes positivem. Et muss ee sech näischt virmaachen. Bei Restrukturatioun stellt ee sech d'Fro, wat dat fir meng Aarbechtsplaz heescht."

D'Gewerkschafte wëlle lo d'Gespréich mat de verschiddenen Acteure sichen, fir Detailer gewuer ze ginn, notamment gëtt eng Entrevue mat den zoustännege Ministere verlaangt.

Paul Wurth gehéiert zënter 2012 majoritär dem däitschen SMS-Grupp. De Staat war 2008 wärend der Finanzkris bei Lëtzebuerger Stol-Acteure mat erageklommen.

Traditiounsentreprise: De Staat verkeeft 40 Prozent vu sengen Undeeler u Paul Wurth un däitsche Grupp

Back to Top
CIM LOGO