Afrikanesch SchwéngspeschtNei Mesure geholl: Fal kënnt a Zon Blanche an den Asaz

RTL Lëtzebuerg
D’Zone Blanche zu der Belsch erfort wëllschwäifräi maachen. Dat war d’Zil vun enger Juegd, déi vu Regierung an zoustännege Verwaltunge begleet gouf.
Nei Mesure geholl: Fal kënnt a Zon Blanche an den Asaz
D’Zone Blanche zu der Belsch erfort wëllschwäifräi maachen. Dat war d’Zil vun enger Juegd, déi vu Regierung an zoustännege Verwaltunge begleet gouf.

D'Resultat vun dëser gréisserer Aktioun war iwwerschaubar: 7 Schwäin konnte geschoss an zwee Kadavere fonnt ginn. Well een dovunner ausgeet, datt awer nach vill méi Wëllschwäin an där Zon ronderëmlafen, gëtt elo déi nächste Mesure géint d'afrikanesch Schwéngspescht lancéiert: Falen opstellen.

Déi nächste Woch soll déi éischt Fal vun der ANF an der Zon Blanche opgestallt ginn. Et handelt sech dobäi ëm ee Gatter, erkläert de Laurent Schley, Biolog a Directeur adjoint vun der Naturverwaltung.

Afrikanesch Schwengspescht / Reportage Nadine Gautier

D’Objektiv wier et, mat Mais d’Déieren unzelackelen a ganz Gruppe Wëllschwäin ze fänken. Zwee- bis dräimol den Dag géifen dës Falen da kontrolléiert ginn, och fir ze kucken, datt sech keng aner Déieren doranner verlaf hunn.

Wann et néideg wier, kéint dann nach eng weider Fal duerno opgeriicht ginn. Datt d’Zon wëllschwäifräi muss gemaach ginn, dorobber huet schonn een EU-Expert verwisen, wéi dee sech der Thematik vun der afrikanescher Schwéngspescht ugeholl hat. D’Regierung steet deemno ënner Drock fir dës Recommandatioun esou séier wéi méiglech ëmzesetzen: Heescht och d'Déieren erschéissen, wa se gefaange ginn. D’ANF hëlleft déi logistesch d’Mesure op d'Been ze stellen.

Iwwregens ass bis ewell nach kee Fall vun der afrikanescher Schwéngspescht hei am Land opgetrueden. Schonn 2014 hat d’Naturverwaltung virun der Gefor vun dëser Krankheet gewarnt.

Back to Top
CIM LOGO