Professer Claude MullerNei Kontakter bedeiten, dass nei Infektiounskette kënnen entstoen

RTL Lëtzebuerg
Dat seet den Expert an der Virologie, de Professer Claude Muller vum Luxembourg Institute of Health am RTL Interview.

Reverse Quarantaine / De Reportage vum Dany Rasqué

Hien ass net iwwerrascht, datt elo erëm méi Mënsche sech mam Coronavirus ustiechen, schliisslech géifen d'Leit den Ament nei "duerchgemëscht" ginn. Zum Beispill doduerch, datt se aus der Vakanz erëm kommen, datt se erëm schaffe ginn an datt d'Kanner erëm an d'Schoul ginn.

Och wann et iwwert d'Woch gekuckt, am Duerchschnëtt eng 100 nei Fäll den Dag ginn, wier d'Situatioun awer eng ganz aner wéi virun engem hallwe Joer. De Gesondheetssystem ass den Ament däitlech manner belaascht wéi am Mäerz/Abrëll.

Virun engem hallwe Joer waren eng 50 Intensivbetter mat Coronapatiente besat, den Ament sinn et der am Duerchschnëtt eent bis zwee.

Fir datt dat esou bleift, géif de Claude Muller vum  Luxembourg Insitute of Health et wichteg fannen, Leit, déi am Fall vun enger Infektioun riskéieren, op d'Intensivstatioun ze kommen, vun Infizéierten ewechzehalen.

Eng "reverse" Quarantaine nennt hien dat:

"Wa mer elo higinn an et ass een an engem Stot, dee jonk ass an deen infizéiert ass a mir hu gläichzäiteg an deem selwechte Stot och eeler Leit, déi gesond sinn, da sollte mer deenen d'Méiglechkeet ginn sech z'isoléieren, fir déi puer Deeg, wou deen Aneren infektiéis ass, zum Beispill an engem Hotel oder soss. Dat géing ech als "reverse" Quarantaine bezeechnen, fir also déi Leit, déi à risque sinn, fir hospitaliséiert ze ginn. Esou datt déi vu vir eran ecartéiert sinn."

Eeler Leit, respektiv Leit mat gesondheetleche Risiken, kéinten op déi Manéier geschützt ginn, zemools, seet de Claude Muller, wann ee bedenkt, datt sech den Ament 20 bis 30 Prozent vun den Infizéierten am Privaten ustiechen.

A sengen Ae wier dat  och eng Moossnam, déi de Staat soll finanzéieren.

"Et ass jo och d'Allgemengheet, déi dann dovunner profitéiert. Ech mengen, déi Käschten, déi dann ufalen, dat sinn d'Käschte vum Hotelszëmmer an dat ass däitlech manner, wéi wann ee fir och nëmmen e puer Deeg oder awer e puer Wochen an engem Spidol muss behandelt ginn."

Net zu Lescht wier et och eng Moossnam, déi der Horesca no schwierege Wochen a Méint géif ze gutt kommen.

Fir den Expert an der Virologie ginn et awer nach aner zousätzlech kleng Moossnamen, déi net vill géife kaschten an hëllefe géifen, de Risiko fir nei Infektiounen esou niddreg wéi méiglech ze halen.

Zum Beispill géif hien et net falsch fannen, wann d'Schüler de Mondschutz och am Klassesall géifen unhalen.

"De Mondschutz ass ganz vill eng Saach vu Gewunnecht. Ech weess net op een déi Gewunnecht net wierklech, souzesoen, soll institutionaliséieren. Och wann een an der Klass ass, ass et mengen ech net esou schwiereg oder schlëmm, de Mondschutz unzehunn."

Donieft sollt een driwwer nodenken, fir de Kanner d'Féiwer ze moossen, ier se an hir Klass ginn:

"50 Prozent vun de Kanner hu Féiwer, 50 Prozent hu kee Féiwer, et kann een och Féiwer hunn aus anere Grënn, mä an engem Land, wou praktesch ondifferenzéiert, jiddweree getest gëtt duerch de Large Scale Testing an dat wëll ech elo net domadder a Fro stellen oder kritiséieren, mä an esou engem Land ass et natierlech och méiglech, fir relativ onspezifesch ze testen, wann ee Féiwer huet. Dofir géing ech mengen, dass dat och als Entrée fir an d'Schoul eng verstänneg Saach wier."

Grad bei de Kanner, déi an der Schoul relativ no beienee wieren, wier d'Féiwer moossen eng zousätzlech Moossnam, déi géif Sënn maachen, seet de Claude Muller.

Back to Top
CIM LOGO