D'Enn vum Zweete Weltkrich ass elo schonn 81 Joer hier. Vill Leit kënne sech haut guer net méi virstellen, datt och zu Lëtzebuerg gekämpft gouf an dausende Mënschen hei hiert Liewe verluer hunn. Ma och wann déi meescht Zäitzeie mëttlerweil dout sinn, gëtt zu Housen probéiert, d'Erënnerung lieweg ze halen. E Freideg gouf nämlech de Memorial Parc ageweit.
Dat ganz genee um Knupp direkt beim Waassertuerm. Wou fréier just ee schmuele Feldwee war, ass haut eng breet Gedenkplaz amenagéiert. An der Mëtt steet d'"Keystone in the Way- Monument", dat un d'Zaldote vun der US-amerikanescher 28. Infanteriedivisioun erënnert. De Keystone, also de Schlësselsteen, ass d'Symbol vum US-Bundesstaat Pennsylvania, der Heemecht vun der 28. Infanteriedivisioun.
An och am Waassertuerm, deen nach ëmmer ganz normal genotzt gëtt, gëtt mat enger Ausstellung un den Zweete Weltkrich erënnert. D'Plaz gouf net vun ongeféier erausgesicht, wéi de Lokalhistoriker Yves Rasqui erkläert:
"D'Situatioun war déi, datt quasi hei am Waassertuerm deen éischten Amerikaner gesinn huet, datt d'Ardennenoffensiv iwwerhaapt ugefaangen huet. Moies um hallwer 6 souz dee Mann uewen am Waassertuerm, dat war de Second Lieutnant Gipson, an deen huet duerchginn, et ass näischt Extraes, an du sot e Stopp, an Däitschland gi Punkten un, lauter sou kleng wäiss Pinktercher. En hat et nach net gesot, du sinn déi éischt Granaten ageschloen, dat sinn déi Granaten, déi mer lo uewenop gesinn hunn."
Am Tuerm ginn et groussformateg Fotoen, déi Housen virun an no den Attacken op d'Uertschaft weisen. Et gëtt och eng Partie analog Panneauen an Touchscreenen, op deenen d'Geschicht vun der Schluecht aus der Vue vu konkrete Leit erzielt gëtt. Déi Personaliséierung ass dem Volker Teuschler, Art Director vun der Firma Cube, déi d'Konzept vun der Ausstellung realiséiert huet, no ganz wichteg:
"Dieser Ort zeigt auch, dass es letztendlich nur Verlierer gibt. Man muss ja so einen Konflikt auf den Menschen herunterbrechen. Wodurch ist er motiviert, warum haben die Leute hier so lange gekämpft, warum haben sie durchgehalten. Auf der anderen Seite muss man natürlich auch sehen, die Deutschen hatten immense Verluste und haben sich hier fast aufgerieben und sind dennoch immer wieder nach vorne geschickt worden."
Nieft dem Waassertuerm an der grousser Gedenkplaz gëtt et zu Housen um Knupp och nach een Denkmal fir d'Affer vu Krichsminnen a Krichsmunitioun. An Zukunft sollen och nach eng vun de sougenannte Schwäizer Baracken, déi aktuell nach zu Wuelessen steet, an eng fréier Panzerspär de Site vervollstännegen.