Lëtzebuerg bezilt all Joer ronn 500 Milliounen Euro un d’EU. Gläichzäiteg fléisst awer däitlech méi zeréck an de Grand-Duché. Wéi d’Anne Calteux, Representatrice vun der Europäescher Kommissioun zu Lëtzebuerg, erkläert. D’Land kritt ronn 2,5 Milliarden Euro zeréck – ënner anerem duerch europäesch Programmer, Fongen an Institutiounen.
En Deel vun deene Gelder gëtt a sozial Projeten, Formatiounen oder d’Digitalisatioun investéiert. Aner Sue fléissen an d'Recherche oder an déi gréng Transitioun, zum Beispill an Elektromobilitéit oder nohalteg Infrastruktur. Och Innovatioun a kënschtlech Intelligenz ginn iwwer europäesch Programmer gefërdert.
Ee konkrete Projet, deen dovu profitéiert, ass Caddy. Am therapeuteschen Atelier ginn Liewensmëttel gesammelt, déi soss géife wechgehäit ginn. Dës Produite ginn duerno verschafft an u sozial Restauranten an Associatioune verdeelt.
Gläichzäiteg ass de Projet eng wichteg Hëllef fir Leit, déi Schwieregkeeten hunn, sech um Aarbechtsmaart z’integréieren. Ronn 60 Persoune schaffen hei aktuell an der Logistik oder an der Kichen. Vill vun hinnen hunn eng schwéier Zäit hannert sech oder sichen no engem neie Start am Beruffsliewen.
"Hei schaffe Leit mat ganz ënnerschiddleche Profiller. Eis Aufgab ass et, hinnen am Alldag nees d’Gewunnecht vum Schaffen ze vermëttelen a se zeréck an d’Aarbechtswelt ze begleeden“, erkläert de Christophe Rose, Kichen-Educateur bei der Stëmm vun der Strooss.
Nieft dem sozialen Aspekt geet et och ëm de Kampf géint d’Liewensmëttelverschwendung. All Mount ginn hei am Duerchschnëtt 20 Tonne Liewensmëttel gerett. Am Joer 2025 waren et souguer ronn 360 Tonnen.
Méiglech gemaach gëtt dat och duerch Ënnerstëtzung vum Fonds social européen plus. Wéi de Bob Ritz vun der Stëmm vun der Strooss erkläert, huet d’EU de Projet iwwer zwee Joer mat ronn 95.000 Euro ënnerstëtzt. Ouni dee Finanzement wier et net méiglech gewiescht, esou vill Liewensmëttel ze verschaffen an deene Leit eng Perspektiv ze ginn.
Fir vill Bierger ass den Impakt vun europäesche Gelder awer dacks net direkt siichtbar. "Do ass keng Plack wéi bei Brécken oder grousse Schoulen oder Spideeler, déi seet, hei sinn EU-Sue mat am Spill“, seet d’Anne Calteux. Dobäi géifen déi Investitiounen de Leit am Alldag ganz konkret zegutt kommen – duerch Aarbechtsplazen, Formatiounen an neie Méiglechkeeten.
Europa ass also net nëmmen eng politesch Institutioun zu Bréissel, mee och eng Hëllef, déi zu Lëtzebuerg direkt bei de Leit ukënnt.