Beim Bau vun der Crèche dréit et sech em e Pilotprojet. D’Material, wat benotzt gëtt, kënnt aus der Regioun. 60 Meter Kipp Bichenholz an iwwer 100 Meter Kipp Douglasholz gi gebraucht, fir d’Gebai ze bauen. Och de Leem kënnt aus der Regioun. Plaz ass fir 96 Klenger tëscht 2 Méint a 4 Joer, déi op 2 Stäck opgedeelt sinn. 7 Gruppe ginn et spéider am Ganzen hei.
Zil vun dësem Pilotprojet ass et, dass an Zukunft aner Gemengen oder Institutiounen op dës Manéier zeréckgräifen, fir Kannerstrukturen ze bauen.