D'Post no der KrisNei Gewunnechten am Test: Teletravail, Home-Schooling an Online-Handel

Jeannot Ries
De Start an d'Kris wier schwiereg gewiescht. Wat d'Reseau fixe a mobile ubelaangt, sou gouf et no enger Rei Deeg Entwarnung. Se hunn duergehalen.
D'Post an an och no der Kris
De Start an d'Kris wier schwiereg gewiescht. Wat d'Reseau fixe a mobile ubelaangt, sou gouf et no enger Rei Deeg Entwarnung. Se hunn duergehalen.

Op engem Ament, wou Home-Schooling an Home-Office op Touren koumen.

"Wéi dat evoluéiert huet am Kader vun der Kris, huet ee ganz gutt kënne feststellen, datt Entreprisen, déi sech schonn ëmgestallt haten an déi am Virfeld schonn op ganz vill Cloud-Léisungen zeréckgegraff haten, dat heescht do, wou d'IT an den Datenzenter scho gelaf ass, si si vill besser mat der Situatioun eens ginn. Par contre, wann ee vill Leit am Teletravail hat an op déi lokal Serveren um Site huet missen zeréckgräifen, do huet et munchmol geruckelt. Do huet missen an der Capacitéit nogeluecht ginn", sou de Generaldirekter vum Post-Grupp, Claude Strasser.

Leit, déi vun doheem aus geschafft hunn, hu séier gemierkt, ob hiren Uschloss der Erausfuerderung duergehal huet. Wann de Client schonn e Breetband-Internet hat, konnt kuerzfristeg d'Capacitéit eropgesat ginn. Installatiounen hunn och misse wärend dem Confinement ugepasst ginn.

"Elo wësse mer, datt et geet. Wéi eng Contrainten dat et mat sech bréngt. Ech mengen, et wier e Feeler wëllen op dat zeréckzegoen, wat mer virun der Kris haten. Et gi vill Opportunitéiten, déi mer hei gesinn hunn. Wat d'Aarbechtsorganisatioun an notamment den Teletravail ubelaangt, mengen ech gëtt et ganz, ganz vill, wat ee Positives ka mat dervun droen"

D'Post-Büroen bloufen op, wann och ageschränkt. An d'Bréifdréier hunn d'Tournéeë weider um Lafe gehal. Mat vum Ufank vun der Kris un direkt engem däitlechen Zouwuess u Päck. Et wier een op Volummen, am Beräich vun de Feierdeeg, Enn des Jores komm.

"Wat effektiv flott ass, och de Letzshop an déi Commanden, Lokal, Regional ... Et kann een net vu Croissance schwätzen. Mir waren hei deelweis iwwer Dausend Commanden eleng iwwert de Site Letzshop. Wou e lokale Commerce un eng Persoun zu Lëtzebuerg geliwwert huet. Eis Hoffnung wier et wierklech, datt engersäits d'Commerçanten an op der anerer Säit och d'Clienten Opportunitéite gesinn"

Déi lescht Wochen wier generell munches kuerzfristeg beweegt ginn.

D'Zäit muss elo weisen, wéi Gewunnechte laangfristeg beaflosst goufen.

Back to Top
CIM LOGO