Kompetent Hëllef ëmmer an iwwerall och elo um Handy.
No e puer Sekonnen, mat eroflueden an installéiert, weist sech d'App als zimmlech user-frëndlech. Nieft primären Informatiounen iwwert Sucht, Selbst-Tester an d'Optioun e Konsum-Tagebuch ze féieren, kann ee sech och direkt mat engem Beroder austauschen. Eng Optioun, déi scho méi laang gefrot gëtt.
De Günter Biwersi, Directur adjoint, Jugend- an Drogenhëllef:„Normalerweis gesi mer eis Clienten 1 mol d'Woch. Mais elo kënne mer op speziell Froen äntweren oder och mam Moyen vum Tagebuch, Saache beschwätzen, déi dacks net an déi Treffe vun enger Stonn erapassen.“
Ma dës App ass net nëmme fir Leit, déi an engem Traitement oder a Berodung sinn. Ëmmer méi dacks géif een och vu Jonken a Studenten, déi ronderëm experimentéieren, mat Froen ugeschriwwe ginn.
„Mir hoffen e Groussdeel vun den Internet-Notzer unzeschwätzen. Ob dat elo e Konsument ass, en Interessent u Substanzen oder Thema ronderëm d'Sucht. Ech mengen, mir kéinten heimat vill Succès hunn.“D'Berodung soll besonnesch iwwert d'Woch séier funktionéieren. D'Äntwerte géife fir déi nächst Zäit awer just wärend den Aarbechtsstonne kommen. Mat 2 Deeg Waardezäit iwwert de Weekend.
Punkto Sucht-Substanze gëtt den Ament iwwer 6 Produkter informéiert. Dorënner Alkohol, Zigaretten, Cannabis a Kokain. Eng begrenzten Offer, déi sech iwwert déi nächste Méint awer erweidere soll.
„Dat hei si fir den Ament mol déi gängegst Substanzen, déi vun de Leit konsuméiert ginn. Mir wäerten de Programm och iwwert déi nächst Zäit adaptéieren. Ma dat hänkt vun der Demande vun de Clienten of. Dat wat am meeschte gefrot gëtt, wäert och als éischt entwéckelt ginn.“
Dat soll een awer net dovun ofhale, Froen zu anere Produiten ze stellen. D'App ass fir de Lëtzebuerger Marché entwéckelt ginn, ma et hofft een och drop, Frontalieren a Leit aus der Grouss-Regioun ënnerstëtzen ze kennen.