
D'Naturkatastroph déi lescht Woch huet och massiv Schied an der Landwirtschaft hannerlooss.
Am leschten europäeschen Agrarconseil gouf d'EU-Kommissioun opgefuerdert, deene Leit an deene Secteuren, déi betraff sinn, sou séier wéi méiglech ze hëllefen.
Nieft Lëtzebuerg gouf et jo notamment vill Schued an Däitschland, der Belsch an an Holland. Wéi grouss de Schued ass, war eng vun de Froen, déi de Landwirtschaftsminister Romain Schneider en Dënschdeg och an der parlamentarescher Agrarkommissioun gestallt krut.
Déi zoustänneg Servicer aus dem Ministère hu schonn en Tour iwwert d'Bauerenhäff gemaach an dobäi, seet de Romain Schneider, hu se natierlech etlech Schied misste feststellen:
"Sief et direkt an de Kulturen, virun allem awer och un de Gebaier oder un de Maschinnen. Do sinn effektiv Schied do. Eng ganz Rei Saache si Gott sei Dank iwwer Assurancen ofgedeckt, mä déi, déi net ofgedeckt sinn, wäerte mer natierlech analyséieren a wann et ginn ass, natierlech och entschiedegen."
Déi europäesch Landwirtschaftsminister hunn och iwwert d'Déierewuel geschwat. Lëtzebuerg ënnerstëtzt notamment déi europäesch Biergerinitiativ "End the cage age", ass fir eng Harmonisatioun vun den Zuuchtreegele bei de Schnuddelhinger an ass géint d'Doutmaache vu männleche Jippelcher.
"Déi effektiv och net gebraucht ginn aus wirtschaftleche Grënn, mä wou d'Doutmaachen aus etheschen Ursaachen net ze vertrieden ass. Dofir hu mer d'Kommissioun och opgefuerdert och hei, esou wéi mer dat zu Lëtzebuerg schonn hunn, kënnen z'intervenéieren, datt déi dote Praxis net méi wäert Bestand hunn an datt een dat verbitt. Virun allem duerch nei Recherche-Méiglechkeeten an och eventuell d'Kennzeechnung vun de männlechen Eeër, sou datt déi och kënne benotzt ginn."
Déi national Strategie am Kader vum PAC, der gemeinsamer europäescher Agrarpolitik, war e weidere Sujet an der zoustänneger Chamberkommissioun. D'Deputéiert kruten déi virgestallt. Et ass en Dokument, un deem weider geschafft gëtt. D'Ziler vun der EU-Kommissioun gi vir, datt d'Landwirtschaft an Europa méi nohalteg gëtt.
"Do geet wéi e roude Fuedem derduerch, datt mer déi dräi Komponente beliichten. Dat ass engersäits déi ekonomesch Dimensioun, déi wirtschaftlech Dimensioun an och déi sozial Dimensioun."
Den hallwen Oktober ass eng ëffentlech Consultatioun geplangt an Enn Oktober soll de Strategiepabeier virleien. Bis Enn dës Joers muss en zu Bréissel sinn. Wann e guttgeheescht gëtt, kann dann an enger nächster Etapp dat nationaalt Agrargesetz gestëmmt ginn.