Kritik vun OrganisatiounenNationale Strategieplang fir d’Lëtzebuerger Landwirtschaft geet net wäit genuch

RTL Lëtzebuerg
De Mouvement écologique, natur&ëmwelt a Greenpeace kritiséieren dësen Agrarplang, deen am Kader vun der EU-Agrarpolitik entstanen ass.
© AFP (Archiv)

Den Entworf vum nationale Strategieplang stellt Lëtzebuerger Landwirtschaftspolitik fir déi nächst Joer vir. E schreift vir, datt eng ronn 570 Millioun Euro ëffentlech Gelder solle genotzt ginn, fir eng méi zukunftsfäeg Landwirtschaftspolitik opzebauen. Mesuren, déi dem Mouvement écologique, natur&ëmwelt a Greenpeace net wäit genuch ginn. Den Delai, fir nach Reklamatiounen zum nationalen Plang fir d’Landwirtschaft eranzeginn, leeft deemno elo of.

Kritik un Agrarplan / Reportage Sabrina Backes

Um leschten Dag hunn de Mouvement écologique, natur&ëmwelt a Greenpeace géint den Entworf vum Strategieplang vum Lëtzebuerger Landwirtschaftsministère protestéiert. Dëse Plang ass am Kader vun der europäescher Agrarpolitik entstanen. Se iwwerléisst de Memberstaaten awer vill Spillraum an der Ëmsetzung vun zukunftsfäege Mesuren."Dann hu mir den Androck oder sinn der Iwwerzeegung, dass Lëtzebuerg dee Spillraum bei Wäitem net genuch genotzt huet an dass deen Entworf, wéi en elo virläit, éischter eng Zementéierung ass vun der Feelorientéierung vun der Landwirtschaftspolitik an de leschte Joren am Plaz e Renouveau, deen dringend néideg wär, wann een ebe weess, wéi grouss d’Problemer sinn," esou d'Blanche Weber vum Mouvement écologique.
Se fuerderen de Landwirtschaftsministère op, seng Mesuren am Strategieplang nach eng Kéier ze iwwerschaffen. Zukunftsfäeg Mesurë wieren an deem Plang net ze gesinn.Et wier am Plang virgesinn, weider op Subventioune ze setzen, déi d'Landwirtschaft weider ausbauen. Dobäi wier awer gewosst, datt negativ Auswierkunge wéi de Klimawandel an de Biodiversitéitsverloscht virun allem op eng intensiv Landwirtschaft zréckzeféiere sinn. D'Suitten dovunner géingen eis alleguer concernéieren, esou de Roby Biwer vu natur&ëmwelt:"D'Biodiversitéit, den Aarteräichtum ass enorm wichteg, eleng schonn aus egoisteschen Iwwerleeungen. Wa mir an enger Welt liewen, wou villes verschwënnt, vill Aarte verschwannen, da brauche mer eis och net ze wonneren, wa Mikroben a Viren optauchen, déi mer bis dato net kannt hunn. All dat hänkt jo enorm zesummen. Dat berüümte vernetzte Gläichgewiicht an der Natur ass jo enorm wichteg a mir sinn am Gaangen, dat Netz do ëmmer méi opzeknüpfen."Ma et wier awer net, fir dem eenzele Bauer Reprochen ze maachen, mä der Landwirtschaftspolitik, déi verfeelt gi wier. De Mouvement écologique, natur&ëmwelt a Greenpeace fuerderen ënner anerem, datt déi eenzel Mesurë genau uginn, wéi eng Ziler mussen erreecht ginn. Et soll och kontrolléiert ginn, ob dës Ziler och kënnen agehale ginn. Och solle bestëmmte Virschrëfte formuléiert ginn, wourunner sech d’Betriber hale mussen.Vu konkrete Mesurë fuerderen déi dräi Organisatiounen ënner anerem de Pourcentage vu net produktive Surfacen op 5 Prozent eropsetzen, ewéi och den Asaz vu Pestiziden op de geschützten Natura2000-Gebidder ze verbidden. Am grousse Ganze soll Lëtzebuerg vill méi konsequent Suen investéieren am Sënn vu Biodiversitéits- a Klimaschutz.

Schreiwes vum Landwirtschaftsministère

De Landwirtschaftsministère denoncéiert d’Kommunikatiounsmethode vu mouvement écologique, natur & ëmwelt a Greenpeace

Communiqué par : ministère de l'Agriculture, de la Viticulture et du Développement rural

 

De Landwirtschaftsministère denoncéiert d’Kommunikatiounsmethode vu mouvement écologique, natur & ëmwelt a Greenpeace an distanzéiert sech vun der ëffentlecher Matdeelung déi haut an der Dagespress ënner falschem Numm verëffentlecht gouf. Mir sinn an enger Zäit wou Fakenews den ëffentlechen Discours erschwéieren an dofir ass et ëmsou méi bedenklech, datt 3 ugesinnen Organisatiounen d’Lieser wëlle bewosst täusche fir esou hir Visioun iwwert d’Neiorientéierung vun der Landwirtschaft bekannt ze maachen.

D'Kommunikatioun, ob dat sech de Landschaftsministère berifft

Annonce aus dem Luxemburger Wort vum 1/12/2021
Annonce aus dem Luxemburger Wort vum 1/12/2021
© Scan vun der Annonce aus dem Wort

D'Reaktioun vum Fräie Lëtzebuerger Bauereverband

PDF: De Communiqué vun der FLB

Back to Top
CIM LOGO