
Dëse wier séier ënner Kontroll gewiescht, esou Leit, déi op der Plaz waren.
D’Museker vun der Harmonie Baastenduerf hu wärend dem Hämmelsmarsch missen e Brand läschen, dat huet eis de Patrick Mergen, Buergermeeschter vu Bettenduerf, matgedeelt, deen och selwer an der Musek aktiv ass.
Et wier e Brand ënnert engem Haus Op der Mille gewiescht, d’Feier wier scho geläscht gewiescht éier d’Pompjeeën agetraff waren, esou Aenzeie vun der Plaz. Ouni den Asaz vun dëse Fräiwëllege wier et warscheinlech zu engem méi grousse Feier komm.
Och de CGDIS huet a sengem Bulletin vun dësem Brand geschriwwen. Nieft dem CIS Tandel, war och de CIS Bettenduerf an de CIS Nordstad op d’Plaz gefuer.
Zu Esch/Uelzecht gouf et e Samschdeg an der Mëttegstonn e Vegetatiounsbrand an der Rue du 1er mai.
Tëscht Ettelbréck an Nidderfeelen gouf eng Persoun blesséiert bei engem Accident tëscht zwee Gefierer, dëst war kuerz viru 15 Auer.
A géint 16 Auer gouf et e Kichebrand an der Lëtzebuerger Strooss zu Rued-Sir.