Renovatioun virundreiwenMouveco presentéiert Néng-Punkte-Plang fir Stäerkung vum Bauen am Bestand

Diana Hoffmann
Jeannot Ries
De Mouveco an den Oekozenter Pafendall hunn op enger gemeinsamer Pressekonferenz en Néng-Punkte-Plang presentéiert, fir d'Renovatioun zu Lëtzebuerg virunzedreiwen.

Mouveco iwwer Renovatioun fir Wunnraum / Rep. Diana Hoffmann

Fënnef bis 10 Prozent vun de Gebaier géinge Schätzungen no zu Lëtzebuerg eidel stoen, seet den Théid Faber, President vum Oekozenter Pafendall. D’Fro mat där ee sech befaasst hätt, wier, wéi een d’Potential vun dëse Gebaier kéint notzen, soudass keng zousätzlech Fläche versigelt ginn.

D’Strategie vun der Regierung – “Méi a méi séier bauen” – fir géint de Manktem u Wunnraum virzegoen, wier net déi eenzeg Stellschrauf. Wunnraum ze schafe wier nämlech ressourcen-intensiv a géing a ville Fäll zu méi CO2-Emissioune féieren, wéi en eventuellen Ëmbau. D’Ofrappe vu bestoende Gebaier féiert doriwwer eraus zu vill Offall.

“Par rapport zum Neibau sollen déi bestoend Wunnenge prioriséiert ginn”, erkläert d’Thécla Kirsch, Bauberoderin vum Oekozenter Pafendall, d’Iddi. Anescht ausgedréckt – natierlech ginn nei Wunnenge gebraucht, mee et misst och méi am Bestand gebaut ginn.

Aktuell hätte Gebaier hei am Land an der Moyenne eng Liewensdauer vu 40 Joer. Bis d’nächst Joer muss all Memberstaat eng sougenannte “Roadmap” , also eng Strategie, virleeën, wéi sech d’Emissioune vum Wunnengsbau-Secteur bis 2050 entwéckelen.

Mouveco presentéiert Néng-Punkte-Plang fir Stäerkung vum Bauen am Bestand
De Mouveco an den Oekozenter Pafendall hunn op enger Pressekonferenz en Néng-Punkte-Plang presentéiert, fir d’Renovatioun zu Lëtzebuerg virunzedrei

Vill Potential a bestoendem Wunnraum

Fir d’Renovéierung zu Lëtzebuerg virun ze dreiwen, missten e puer Hürde geholl ginn. D’Bautereglement soll zum Beispill fir all d’Gemengen harmoniséiert ginn, dass et hei keen Ënnerscheed méi tëscht Nei- an Ëmbau gëtt.

“Dat féiert dozou, dass wann der eng Mauer wëllt eraushuele fir en Zëmmer ze vergréisseren, de ganze Recht vum Haus muss op Neibau-Standarden ëmgebaut muss ginn”, gëtt d’Thécla Kirsch ze bedenken. Strukturell Problemer géingen dozou féieren, dass den Neibau géing ugereegt ginn an den Ëmbau benodeelegt.

D’Organisatioune fuerderen dann och, dass d’Moyene solle vereinfacht ginn, dass Wunnengen ausgebaut ginn oder eng aner Notzung kënne kréien. Sief et, dass e Späicher ausgebaut gëtt oder en Haus a méi Wunnunitéiten agedeelt gëtt.

“Dacks mussen hei nei Norme respektéiert ginn, soudass ofrappe méi einfach ass, wéi den Ausbau”, betount den Théid Faber.

E weidere Punkt ass dann, dass sollen d’PAG- a PAP- Bestëmmungen en Ëmbau méi einfach maachen an net verhënneren. Dem Bautereglement no ass zum Beispill den Ofstand tëscht dem Gebai an dem Nopeschgrondstéck op 2,5 bis 3 Meter festgeluecht. Eng Moossnam, déi dozou géing féieren, dass eng energeetesch Sanéierung, wéi eng Dämmung, net oder just zum Deel méiglech wier.

Energeetesche Standarden net am Wee stoen

D’Finanzéierungsinstrumenter fir d’Renovéierung vun existéierende Gebaier missten da weiderentwéckelt ginn, fannen de Mouvement écologique an den Oekozenter Pafendall. Bis elo muss zum Beispill e minimale Wäert fir eng Dämmung vu Baussemaueren erreecht ginn, fir Subsiden ze kréien.

Dëst géing am Géigesaz zu de klimapoliteschen Ziler stoen, méiglechst vill Gebaier energeetesch ze sanéieren. Fërdermëttel missten trotzdeem accessibel sinn, wann déi maximal technesch-ëmsetzbar Isolatiounsstäerkt erreecht géing ginn, mengt den Théid Faber.

Doriwwer eraus misst et fir Bauhären a Proprietären, déi energeetesch sanéieren, en neie Klima-Bonus Fërderprogramm ginn, wou si eng staatlech Virfinanzéierung kréien oder bei deem Virschoss-Mechanismus virgesi gëtt. Sou dass et net méi esou wier, dass dës Zomm misst iwwer eng länger Zäit virgestreckt ginn. Den Usproch op e reduzéierte Steiersaz soll och da gi sinn, wann an engem Gebai eng zousätzlech Wunnunitéit geschaaft gëtt. D’Schafe vun zousätzlechem Wunnraum soll net finanziell benodeelegt ginn.

Fir dann eng kohärent Renovatiouns- a Wunnraum-Mobiliséierungsstrategie ze kréien, misst d’Reform vun der Grondsteier viru gedriwwe ginn, an d’Leerstandssteier agefouert ginn. “Gemenge sollen no eenheetleche Krittären eidelstoend Haiser erfaassen”, seet d’Blanche Weber, Presidentin vum Mouvement écologique.

D’ëffentlech Hand misst och en Aen drop hunn, de fräie Wunnraum am Bestand ze sécheren an net just nei bauen. D’Gemengen an de Staat sollen dofir méi geziilt Wunnengen opkafe, fir se dann ze renovéieren. Dofir misst ee sech awer eng politesch Zilsetzung ginn.

An zu Lescht soll och d’Sensibilisatioun iwwert de Sujet viru gedriwwe ginn. Et bräicht een innovativ Projeten, wou gutt renovéiert gëtt, mengt d’Blanche Weber. Och eng Infocampagne fir d’Renovatioun virun ze bréngen, ka si sech virstellen.

D’Chambre Immobilière reagéiert

D’Renovatioun fuerderen? “Jo! Mee...”, esou d’Reaktioun vum Jean-Paul Scheuren, Vizepresident vun der Chambre Immobilière. Alles wat net muss ofgerappt ginn, soll erhale bleiwen. Mee et géif dacks an Zäite vu Wunnengsnout eng aner Prioritéit ginn.

“Fir méi grouss Gabariten ze realiséieren, fir och méi eng Densitéit ze maachen. Dat heescht méi Logementen ze bauen. Zum Beispill een Haus ofrappen, fir aacht Appartementer ze bauen, an dat sinn eeben emol déi Wunnengen, déi mer brauchen. Also mir kënnen net alles erhalen, wat besteet.”

An der Constructioun géif et nach vill Sputt no uewe ginn. E Gebai wéi de fréiere Siège vun der BGL um Kierchbierg gëtt zum Beispill esou ofgerappt, datt wa méiglech recycléiert gëtt. De Sockel bleift erhalen, fir nei drop opzebauen. Horizont 2030-35, géifen ouni Zweiwel scho weider, nei Bauweise mat och neie Méiglechkeeten, de Raum opzedeelen, agesat. Dat och dank kënschtlecher Intelligenz. An da géifen och Wierder wéi “Materialbank” méi Bedeitung kréien:

“Circular ze bauen, dat heescht dass ee Materialien asetzt, déi een op anere Plazen nach erëm benotze kann. Och déi ganz Konzeptioun, dass een dat méi modular mécht, fir dass e se besser kann ajustéieren. Dat sinn awer Reflexiounen, déi lafen. Dat sinn och éischt Pilotprojeten, déi kommen. Mee d’Zukunft wäert garantéiert am Bau an déi dote Richtung goen.”

Et wier net einfach, de Bëtong z’ersetzen. Haaptsächlech wat d’Statik ubelaangt. Am Bau mat Holz géifen den Ament Erfarungswäerter gesammelt ginn, wat Residenzen ubelaangt. An da misst och a Punkto Fläch ëmgeduecht ginn. Mir géifen ze grouss bauen. Méi kleng wier méi bëlleg, a géif och méi Offer generéieren, an Zäite vun Nout.

Back to Top
CIM LOGO