Palzem (D) bei StadbriedemesAutomobilistin stierft no Frontalkollisioun mat Camion

RTL Lëtzebuerg
An der Géigend vu Palzem an Däitschland, déi aner Säit vun der Musel no bei Stadbriedemes, ass e Mëttwoch eng Automobilistin gestuerwen, wéi si frontal mat engem Camion kollidéiert ass.
© ALEXANDER POHL/NurPhoto via AFP

Firwat d'Fra kuerz virun der Mëttesstonn op d'Géigespuer geroden ass, ass nach onkloer. Hire Won huet sech iwwerschloen an ass um Daach leie bliwwen. De Camionschauffer gouf liicht verwonnt, sou d'Police vun Tréier. Ronn 50 Secouriste waren um Asaz bedeelegt, dorënner däitsche Medieberichter no och vum CGDIS.

Back to Top
CIM LOGO